Europäesche GeriichtshaffKënnegung wéinst 2. Bestietnis ass eng Diskriminéierung

Ee kathouleschen Dokter, dee sech nach emol bestit, duerf net gekënnegt kréien, soss ass dat eng Diskriminéierung.

Dat huet um Dënschdeg de Moien den europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg decidéiert.

Ee Däitschen Dokter vun Düsseldorf war 2008 entlooss ginn, well hien sech scheede gelooss huet an du nees bestuet huet.