Ganz ondiplomateschAsselborn: "Merde, alors!", Salvini: "Steierparadäis!", Tonnar: "Merde, alors!"

Um EU-Afrika-Treffen zu Wien krute sech de Lëtzebuerger Ausseminister an den italieneschen Inneminister zerguttstert an d'Hoer. An dat hat en Nospill ...

... well den italieneschen Inneminister e Freideg den Owend nach eemol géint Lëtzebuerg gefacht huet: Hien huet de Grand-Duché als Steierparadäis tituléiert an dem Lëtzebuerger Ausseminister aus der Distanz proposéiert, Dausende Migranten op Lëtzebuerg ze schécken.

An Italien steet d'Populatioun iwwregens hannert der Regierung aus der rietser Lega an der 5-Stäre-Beweegung. An engem Sondage soen 62 Prozent vun de Leit, déi gefrot goufen, si wieren zefridde mat der Ekipp vum Regierungschef Conte.

D'Lega vum Vizepremier an Inneminister Matteo Salvini, deen e Freideg mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn uneneegerode war a vehement géint Migratioun kämpft, kritt am meeschten Zousproch.

An engem Spiegel-Interview huet de Jean Asselborn kuerz drop gesot, dass hien ouni et ze wëssen, gefilmt gouf, dat vun de Leit vum Salvini. Dëst géif systematesch esou bei Optrëtter vum Salvini gemaach ginn, dat fir genee esou Reaktiounen zu dokumentéieren a fir säin eegene Virdeel ze notzen. De Spiegel freet dann och, ob de "Salvini-Eklat" eng Fal fir de Jean Asselborn war ... well u sech war d'Sëtzung, an där heemlech gefilmt gouf, intern.

Datt den Ausseminister Asselborn am Spiegel-Interview gemengt hat, d'Salvini-Methode géifen d'Faschisten an den 30er Joren erënneren, wollt den Italiener net op sech sëtze loossen an huet e Sonndeg de Jean Asselborn op en Neits Minister vun engem Steierparadäis genannt. Wa Lëtzebuerg Migranten esou gär hätt, kéint et se jo all ophuelen. Italien hätt där schonn ze vill opgeholl, mengt de Matteo Salvini op Twitter.




De Serge Tonnar huet de "Merde, alors!" als Virlag geholl, fir kloer Positioun ze bezéien. Op Facebook huet hien e Gedicht respektiv e Liddtext publizéiert. Et ass de Faschisten a Rassisten, de Populisten an Opportuniste gewidmet.




Wat war geschitt?

De Jean Asselborn hat e Freideg zu Wien gemengt, datt d'Bevëlkerung an Europa, well se ëmmer méi al gëtt, Awanderung brauch.

Dës Vue vum Lëtzebuerger Immigratiounsminister wollt den italieneschen Inneminister a stellvertriedende Ministerpresident vun der Lega Nord, de Matteo Salvini, awer guer net deelen an huet a senger Interventioun den Uz mam Jean Asselborn gemaach: "Wann Äert Lëtzebuerg eng nei Migratioun brauch - an Italien hëllefen ech léiwer den Italiener, datt se nees Kanner maachen", sot de Salvini, dee vun enger ganz anerer Weltsiicht geschwat huet.

Iwwer den Ausféierunge vum italienesche Politiker ass den Asselborn aus der Haut gefuer. Deem seng Ausso, mir bräichte keng nei Sklaven, fir déi Kanner ze ersetzen, déi mir net méi maachen, huet den Ausseminister mat "allez, allez" quittéiert.

Wéi de Salvini dunn awer weidergefuer ass, ass den Asselborn him an d'Wuert gefuer: "Zu Lëtzebuerg hate mir Dausende vun Italiener, déi mat eis schaffe wollten: Si ware Migranten, déi bei eis geschafft hunn, datt Dir hei Geld fir Är Kanner hat." Mat "Merde, alors!" huet de Lëtzebuerger Ausseminister säi Mecontentement ënnerstrach a seng Interventioun ofgeschloss ... wat du fir e klenge Skandal gesuergt huet a vu ville Medien opgegraff gouf.

De ganze Video op dem italienesche Site "IlFattoQuotidiano.it".

De Matteo Salvini huet de Video vu sengem Accrochage mam Jean Asselborn och op Facebook gepost - mam lakonesche Kommentar, de Lëtzebuerger Minister hätt eng Aussoen net verquësst an hätt dunn ugefaangen, hien ze beleidegen ...




A getwittert huet den italieneschen Hardliner d'Meenungsverschiddenheet och nach.




Den italienesche Site "Il Fatto Quotidiano", dee sech och mam Virfall beschäftegt, bréngt esouguer konkret Zuelen, wéi vill Italiener aktuell am Grand-Duché liewen: Ronn 22.000 an dat wieren eng 3,6 % vun der Populatioun. De Rekord wieren der 23.490 am Joer 1970 gewiescht (6,9%).

Retourkutsch vum Salvini

Nodeems hien e Freideg de Moien an ongewinnt ondiplomatescher Manéier vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn op d'Fanger geklappt kritt hat, huet den italieneschen Inneminister Matteo Salvini e Freideg den Owend zeréckgeschloen a géint de Grand-Duché ausgedeelt.

Wéi den ORF schreift, hätt den italienesche Vizepremier vun der rietspopulistescher Lega de Grand-Duché op enger Manifestatioun vu senger Partei an der Géigend vu Mailand als Steierparadäis beschriwwen an e Land, dat Steierhannerzéiung bedreift, hätt anere keng Lektiounen ze ginn.

De Jean Asselborn hat de Matteo Salvini jo am Kader vum EU-Afrika-Sommet zu Wien ënnerbrach, nodeems dee gemengt hat, d'Regierung an Italien géif déi Jonk am Land ënnerstëtzen, nees méi Kanner ze kréien, dat wier besser wéi - Zitat - "nei Sklaven" an Europa huelen. Déi Ausso war den Jean Asselborn ze wäit gaang, deen mat schaarfe Wieder op déi grouss italienesch Migratioun an der Zäit zu Lëtzebuerg verwise hunn.

E Freideg den Owend huet de Matteo Salvini gemengt, den Italiener, déi ausgewandert wieren, hätt keen eppes bezuelt fir an Hotellen de ganzen Dag näischt ze maachen. Wann de Jean Asselborn wéilt, da kéinte si him dausende Migranten op Lëtzebuerg schécken.

Déi italienesch Regierung huet annoncéiert, d'nächst Woch d'Käschte fir Verfleegung vu ronn 170.000 Demandeurs d'asile ze kierzen an d'Prozeduren z'acceleréieren.




Communiqué vum Ausseministère
Jean Asselborn à la Conférence ministérielle sur la sécurité et la migration à Vienne (14.09.2018)

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Sur invitation de la présidence autrichienne du Conseil de l'Union européenne (UE), le ministre des Affaires étrangères, ministre de l'Immigration et de l'Asile, Jean Asselborn, a participé à la conférence ministérielle «Sécurité et migration: promouvoir le partenariat et la résilience» le 14 septembre 2018 à Vienne.

Consacrée à la coopération avec les pays tiers, la réunion, à laquelle ont participé les ministres en charge de la migration des États membres de l'UE et des pays tiers, ainsi que des représentants des agences européennes concernées et des organisations internationales, avait vocation à avoir des échanges de vues approfondis sur la coopération avec l'Afrique du Nord.

«Le Luxembourg se félicite du partenariat avec les États africains et insiste pour que l'esprit de La Valette soit préservé», a expliqué le ministre Jean Asselborn, en ajoutant que «bien que cette conférence soit absolument bienvenue, son intitulé peut être trompeur; la migration est un phénomène complexe et ne se limite pas à la sécurité. La migration est d'ailleurs une opportunité et, comme l'ont déclaré le président Macron et le commissaire européen Avramopoulos, l'Europe a besoin d'une migration légale face au vieillissement de sa population».

Dans ce contexte, le ministre Jean Asselborn a expliqué qu'«un partenariat repose toujours sur un compromis. Nous devons donc être prêts à promouvoir et élargir les voies de migration légales, aller au-delà de la carte bleue européenne, et explorer des mesures concrètes avec l'Afrique».

Concernant la déclaration présidentielle de la présidence autrichienne à l'issue de la réunion, Jean Asselborn a insisté sur le fait que «les conventions internationales et en particulier la convention de Genève, doivent être respectées. Appliquer le droit international uniquement "de la meilleure manière possible", c'est-à-dire l'appliquer de manière optionnelle, n'est juridiquement pas acceptable».

Le ministre a conclu en expliquant qu'«en fin de compte, nous ne pourrons résoudre les problèmes ensemble que si, en premier lieu, nous agissons de manière solidaire entre États membres de l'UE, afin de pouvoir être crédibles et ensuite construire un partenariat de travail avec l'Afrique».

Ried vum Jean Asselborn

Conférence ministérielle sur la sécurité et la migration

Vienne, le 14 septembre 2018

Luxemburg begrüßt die Partnerschaft mit den afrikanischen Staaten und unterstreicht, dass der Geist von Valletta erhalten bleiben muss. Auch wenn diese Konferenz absolut zu begrüßen ist, kann jedoch der Titel irreführend sein. Die Migration ist mehr als nur aus der Sicht der Sicherheit zu sehen. Die Migration stellt vor allem eine Chance dar und, so wie Präsident Macron und der zuständige EU Kommissar Avramopoulos sich ausgedrückt haben, benötigt Europa ebenfalls die legale Migration, um der alternden Gesellschaft entgegenzuwirken.

Eine Partnerschaft ist immer ein Geben und Nehmen! In dem Sinne müssen wir legale Migrationswege fördern und ausbauen. Dabei müssen wir allerdings über die EU Blue card hinaus gehen und konkrete Maßnahmen mit Afrika auf gleicher Augenhöhe ausloten.

Zur Präsidentschaftserklärung ist anzumerken, dass internationale Konventionen, und vor allem die Genfer Konvention, zu respektieren sind. Internationales Recht nur „in the best possible manner" anzuwenden, also es optional anzuwenden, ist Rechtswidrig.

Schlussendlich, können wir Probleme nur gemeinsam lösen, wenn wir zuerst solidarisch unter EU Mitgliedsstaaten handeln, um dann glaubhaft zu sein und eine funktionierende Partnerschaft mit Afrika aufbauen zu können.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.