Europäesch VolleksparteiManfred Weber gëtt Spëtzekandidat vun der EVP

De Vizechef vun der bayerescher CSU geet als Spëtzekandidat vum konservative Parteie-Bond EVP an d'Europawalen.

Manfred Weber gëtt Spëtzekandidat vun der EVP (08.11.2018)
De Vizechef vun der bayerescher CSU geet als Spëtzekandidat vum konservative Parteie-Bond EVP an d'Europawalen.
De Manfred Weber konnt sech mat däitlecher Majoritéit géint säi finnesche Konkurrent Alexander Stubb duerchsetzen.

Den CSU-Vize krut um EVP-Kongress zu Helsinki 79,2 Prozent.

Hien huet domat gutt Chancen, den Nofolger vum Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun ze ginn.

De Manfred Weber (lénks) an den Alexander Stubb.


Mir haten d'Chance, zwee ganz gutt Kandidaten ze hunn, mä et ass kloer, datt mer eis alleguerten elo geschlossen hannert de Manfred Weber stellen, fir d'Europawalen d'nächst Joer kënnen ze gewannen, dat sot den CSV-Parteipresident Marc Spautz direkt nom Vott fir den EVP-Spëtzekandidat.

D'CSV war ouni kloer Walindikatioun op Helsinki gefuer. An och nom Vott wollt de Marc Spautz net verroden, wéi déi siwe Stëmmen, déi d'Delegatioun vun de Chrëschtlechsozialen ze gutt haten, genee verdeelt goufen. Just sou vill, souwuel deen een, wéi deen aneren hätte Stëmme vu Lëtzebuerg kritt.

A senger Ried huet sech de Bayer en Donneschdeg de Moien derfir ausgeschwat, d'Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ofzebriechen. An engems huet hien dat chrëschtlecht Ierwe vun Europa verdeedegt a strikt Grenzkontrollen gefuerdert.

De Marc Spautz sengersäits wollt a senger Interventioun besonnesch ënnersträichen, datt Europa keng Festung dierft sinn. Dozou géif awer déi ganz EVP stoen.

De Marc Spautz: Et ass wichteg, datt an Europa Solidaritéit herrscht. Datt mer dat Soziaalt an dat Mënschlecht an de Mëttelpunkt stellen. Ech hunn dat en Donneschdeg a menger Ried ënnerstrach, ma dat gouf och an enger Resolutioun betount, déi unanime um Kongress ugeholl gouf. Hannert de Prinzipie vun där Resolutioun steet net nëmmen d’CSV mä déi ganz EVP.

Extrait Marc Spautz (1)


Den EVP-Fraktiounschef krut zu Helsinki och oppen Ënnerstëtzung vum Victor Orban. D'Initiativ vun der CSV, fir dem ungaresche Premier seng Fidesz-Partei aus der Europäescher Vollekspartei auszeschléissen, war schonn am Virfeld vum Kongress am Sand verlaf, well net genuch Schwësterparteien aus anere Länner mat op dee Wee gaange sinn. D'Fisdesz bleift also fir déi nächst Europawalen an der EVP.

Wéi reagéiert d'CSV elo op dës Defaite?

De Marc Spautz: De Statute vun der EVP no, musse 7 Parteien en Verfahren uleieren. Mä wat eis awer gelongen ass, dat ass datt sämtlech Parteien sech nach emol zu der Rechtsstaatlechkeet an dem Rechtsstaat bekannt hunn. Déi Resolutioun gouf ugeholl mat de Stëmmen vun den Ungarn. A fir eis kloer, datt mer dee Prozess beobachten a wa mer net Satisfaktioun kréien, an Ungarn oder an anere Länner an deenen d‘Rechtsstaatlechkeet net respektéiert gëtt, dann hätte mer gär, datt dann de Prozess lancéiert gëtt.

Extrait Marc Spautz (2)


Den CSV-Parteipresident geet vun engem schwéiere Walkampf aus. Wichteg wier et virun allem, datt een an der Campagne op d'Leit duergeet a se vum Friddensprojet Europa iwwerzeegt kritt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.