BréisselFrontex soll op 10'000 Beamten opgestockt ginn

D’EU-Inneministere befaasse sech um Donneschdeg zu Bréissel mam Ausbau vun der gemeinsamer Grenzschutz-Autoritéit Frontex.

D’EU-Kommissioun wëll d’Autoritéit an den nächsten 12 Méint op 10.000 Beamten opstocken. Eng Rei Memberstaaten zweiwelen awer drun, op dat an där kuerzer Zäit méiglech ass.

Länner un den EU-Baussegrenzen fäerten dernieft, dass hir Souveränitéit duerch méi Grenz-Schützer géif beschnidde ginn.