Europäesche GeriichtshaffÉisträich klot géint den däitsche Peage

Éisträich ass der Meenung, dass auslännesch Automobilisten duerch sou ee Peage diskriminéiert ginn.

Virum Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg gëtt en Dënschdeg de Moien iwwert d'Plainte vun Éisträich géint dee geplangten däitsche Peage fir Autoe verhandelt. Éisträich ass der Meenung, dass auslännesch Automobilisten duerch sou ee Peage diskriminéiert ginn.

En Uerteel gëtt eréischt an e puer Méint erwaart. D'Aféiere vun där ëmstriddener Pkw-Maut ass decidéiert, wéini genee se soll agefouert ginn, steet nach net fest. Chauffeure musse fir d'Benotze vun den däitschen Autobunne Vignette kafen. Déi däitsch Chauffeure sollen iwwert de Wee vun der Autossteier entlaascht ginn. Ënnert anerem dogéint wiert sech Éisträich mat enger Plainte.

D'EU Kommissioun hat Mëtt 2015 eng Prozedur wéinst dëser Taxe géint Däitschland entaméiert. Méi spéit gouf se awer nees opgehuewen. Wéi et vun der Kommissioun geheescht huet, wieren duerch Nobesserunge Bedenke vun enger Diskriminéierung aus dem Wee geraumt ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.