Europäesch Kommissioun289 Milliounen Euro fir Hëllefsorganisatiounen a Griichenland

Déi europäesch Kommissioun wëll u verschidden Hëllefsorganisatiounen, déi a Griicheland hëllefen, 289 Millioune bezuelen, fir d'Migranten z'encadréieren.

© AFP

Elleng 190 Milliounen Euro ginn un de Programm vum UNHCR, déi de Leit eng Wunnméiglechkeet ginn an hinne Cash zur Verfügung stellen. D'Garde-Côtes kritt 33 Milliounen Euro fir hir Sichaktiounen um Mier ze finanzéieren.