Asylpolitik an der KritikEt goufe keng Progrèse gemaach, sou d'UNHCR

Éisträich hat déi lescht 6 Méint d'EU-Presidence. D'UNHCR, d'Flüchtlingskommissariat vun der UNO, huet eng richteg Asylpolitik vermësst.

De Chef vun der Agence zu Wien bedauert, datt d'Migratioun zwar ee vun de Schwéierpunkte vun der Presidence war, mä decisiv Decisiounen a Progrèsen hätt et net ginn.

Grad elo wou d'Zuele vun Demanden an der ganzer Unioun zréck ginn an nees Loft do wär, hätt een d'Zäit missen notzen, fir den europäeschen Asylsystem op en neits, méi staarkt Fundament ze stellen, sot de Christoph Pinter vun der UNHCR.

Et feelt jo u Solidaritéit tëscht den EU-Memberlänner. Éisträich hätt keng Brécke gebaut, oder op d'mannst versicht der ze bauen.