VIDEO - Ëmstridde PresidenceRumänien iwwerhëlt fir 6 Méint de Virsëtz an der EU

D'Land léist domadder Éisträich of. A 6 Méint ass et u Finnland, fir déi Roll ze iwwerhuelen.

De rumänesche President Iohannis zu Bréissel.© AFP-Archiv
Un der Presidence vu Rumänien gouf et awer schonn am Virfeld kritesch Téin, ënnert anerem vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen a Fro gestallt huet, ob Rumänien prett wier, dës Missioun z'iwwerhuelen, als neutrale Mediateur. Ënnert anerem stinn de Brexit Enn Mäerz um Ordre du Jour, esou wéi och d'Europawalen am Fréijoer.

Donieft steet Rumänien an der Kritik, wéi et d'Korruptioun am Land bekämpfe wëll an d'Justizreformen ëmgesat huet.

Rumänien huet vum 1. Januar un d'Presidence an der EU (31.12.2018)
Doriwwer ass awer nach laang net jidderee frou, Bukarest hätt net genuch Efforte gemaach, fir sech den europäeschen Ufuerderungen unzepassen.


E Land mat zwee Gesiichter als Gerant vun 28 Nationalstaaten

Als neutrale Vermëttler op der Sich no Kompromësser - esou portraitéiert déi rumänesch Regierung sech an hir Aarbecht an der Unioun an am Interessi vum Europa vu muer. 6 Méint, déi esouwuel d'EU wéi Rumänien selwer op d'Prouf stellen.

Dës éischt EU-Presidence ass fir Bukarest eng Zort Stresstest: Well d'Republik hir Verspriechen net méi eescht hëlt a wéinst den interne politeschen Differenzen erwaart Bréissel sech kaum eppes vun dësem Virsëtz, esou och d'Kritik vum Kommissiounspresident Juncker.

Eent ass sécher: als Land mat 2 Gesiichter wäert Rumänien et schwéier kréien, de Grupp vu nach 28 an der europäescher Gitt ze halen ...

Rumänien iwwerhëlt d'EU-Presidence: Rep. Monique Kater



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.