EuropawalenGilets jaunes mam Ingrid Levavasseur als Spëtzekandidatin

D'Protestbeweegung "Gilets jaunes" a Frankräich huet annoncéiert, bei den Europawalen am Mee mat enger eegener Lëscht unzetrieden.

Ingrid Levavasseur© AFP

Eng Lëscht mat den Nimm vu bis elo 10 Kandidate gouf e Mëttwoch presentéiert. Un der Spëtzt steet déi bekanntsten Aktivistin vun de Giele Gileten, d'Ingrid Levavasseur, eng 31 Joer al Infirmière aus der Normandie. Bis Mëtt Februar soll d'Lëscht op 79 Kandidate wuessen.

D'Gilets jaunes demonstréieren zanter November géint d'Reformpolitik vum franséische President Emmanuel Macron a fir eng Stäerkung vun der Kafkraaft. Während de Protester koum et ëmmer nees zu brutalen Ausenanersetzungen tëscht den Demonstranten an der Police. Eng aktueller Ëmfro no, kéint d'Lëscht vun de Gilets jaunes bei den Europawalen den 26. Mee a Frankräich, mat ronn 13 Prozent op déi drëtt Plaz kommen.