Assemblée Parlementaire vum EuroparotAnne Brasseur gewielt!

D’Anne Brasseur gëtt Presidentin vun der Assemblée Parlementaire vum Europarot.

Si gouf vun den Demokraten a Liberalen ënnerstëtzt awer och vun anere Fraktiounen a gouf mat enger grousser Majoritéit gewielt, obschonns et eng Géigekandidatur vum Britt Robert Walter gouf, ee Konservativen deen ënnert anerem vun de Russen ënnerstëtzt gëtt.

Si huet sech mat 165 Stëmme géint hire Géigekandidat Robert Walter duerchgesat. De Britt krut 125 Stëmmen.

Déi liberal Politikerin ass déi zweet Fra op dësem Posten. Si iwwerhëllt d'Successioun vum konservative Fransous Jean-Claude Mignon.

An där Assemblée sëtze Vertrieder vun den nationale Parlamenter. Am Conseil de l’Europe si 47 Memberlänner. Nieft den EU-Memberlänner sinn zum Beispill och Russland, d’Tierkei oder d’Ukrain Member.

De Premier Xavier Bettel wënscht dem Anne Brasseur op Facebook:

"Gutt Nouvelle aus dem Conseil de l'Europe. D'Anne Brasseur gouf als Presidentin vun der Assemblée Parlementaire gewielt. Dat ass eng wichteg Unerkennung an eng grouss Éier fir eng grouss Politikerin. Ech fréë mech a wënschen menger Frëndin a Kollegin alles Guddes a vill Courage."

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.