Bâtiment Jean Monnet1.700 EU-Beamte musse bis Enn des Joers plënneren

1975 hat een Deel vun der europäescher Kommissioun sech um Kierchbierg aquartéiert. Am Dezember leeft de Bail awer aus.

© wikimedia

Verlängere wëll een de Kontrakt awer net. Well Uganks sollten d'Servicer just 25 Joer laang am Gebai bleiwen, elo ass deen Delai awer 15 Joer iwwerschratt. An et gëtt Zäit aus dem Gebai Jean Monnet ze plënneren. Och well d'Installatiounen ëmmer méi Problemer maachen an d'Ënnerhale finanziell gesinn ze deier gëtt. 

"Il y a de plus en plus de petits problèmes: avec le chauffage, l'électricité, des fuites d'eau..." esou den Antonio Gravili, Porte-Parole vun der Kommissioun zu Bréissel.

Ënnert deene Konditioune géing et kee Sënn maachen, de Bail ze erneieren, och wann dat neit Gebai 2020 fäerdeg gëtt.

D'lescht Joer goufe Spuere vun Asbest am Jean-Monnet-Gebai fonnt. Eng Gefor fir d'Leit gëtt et awer net.

"Nous faisons un monitoring régulier de l'amiente. Jusqu'ici il n'y a aucun danger, mais c'est vrai que c'est un des problèmes parmis d'autres qui nous a encouragé à déménager plutôt que de rester encore 7 ans."

Een neit Gebai fir am Dezember ass zwar nach net fonnt. Och wéi 1.700 Leit an 10 Méint solle plënneren ass nach net ganz kloer. Et hätt ee jo nach genuch Zäit esou den Antonio Gravili. Den Ament wier jiddefalls kee Gebai disponibel wat grouss genuch ass fir 1.700 Leit, dofir gëtt d'Personal op e puer Gebaier verdeelt.

2020 kënnt d'Personal vun der europäescher Kommissioun dann an d'Gebai Jean Monnet 2, dat am gaangen ass gebaut ze ginn.



Jean Monnet Gebai - De Reportage vum Nadine Gautier.