Claude HaagenFaktor "Juncker" huet d'LSAP vill Stëmme kascht

De Parteipresident vun der LSAP Claude Haagen huet d'Defaite vu senger Partei notamment op d'Kandidatur vum Jean-Claude Juncker zeréckgefouert.

Dee vun de Lëtzebuerger massiv gewielt gi wier. Déi nei Equipe ouni Sortant aus dem Europaparlament wier en anere Facteur. Donieft wier sécher och eng gewëssen Zort Revanchismus derbäi, sou de Claude Haagen no enger éischter Analyse an der Parteileitung e Méindeg den Owend, deen d'Excusen net bei déi aner wéilt siche goen.

D'Spëtzekandidatur vum Mady Delvaux wollt de Parteipresident net als Feeler ugesinn. Et géif éischter e Malaise an der Partei. D'Memberen a Militante misste besser agebonne an d'Kommunikatioun verbessert ginn.

De kompleten Interview mam Claude Haagen



Déi Gréng haten hirersäits mat liichten Abousse gerechent, sou de Justizminister Felix Braz als Invité vun der Redaktioun. D'Missioun fir de Sëtz ze verdeedegen wier mam Claude Turmes gegléckt.

D'Stëmmung an der Regierung wier no de Wahlen d'selwecht wéi virdrun. Innepolitesch Konsequenzen aus dem Vote ze zéien wier falsch, sou de grénge Minister. D'Legitimitéit vun der Dräierkoalitioun a Fro ze stellen wier onserieux.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.