Rietsfraktiounen am EU-Parlament"Keng direkt Gefor", seet de Professer Markus Pausch

D'Gefor vu gewielte rietspopulistesche Parteie sinn net si selwer, mä datt déi etabléiert Parteien hir Iddien opgräifen, fir keng Stëmme méi ze verléieren.

© AFP

Spéitstens zanter den Europawahle aus dem Mee, kruten d'Parteie virun d'Nues gehal wei vill Succès Rietspopulisten, Rietsextremer an Euroskeptiker a verschiddene Länner bei de Wieler hunn. Eis Franséisch Nopere sinn do just ee Beispill.

Mat dëser Thematik befaasst sech de Professer Markus Pausch vun der Fachhéichschoul vu Salzburg scho jorelaang. Hien war um Freiden op enger ëffentlecher Konferenz op de Sujet agaangen. Déi gouf am Kader vum Projet Populex organiséiert, deen de politesche Pluralismus am Europa analyséiert. An den Aen vum Professer, stelle Parteie wei de Front National awer nëmme bedéngt eng Gefor duer.

Am Europaparlament kéinten se net wierklech als Fraktioun staark ginn, dofir wieren se ze kleng an déi, déi elo d'Leaderpositioun op nationalem Niveau hunn, wéilten déi net verléieren, esou de Markus Pausch.

Mä d'Gefor vun de Rietspopulisten ass datt aner Parteien hir eegen Iddie changéieren, an dat fir d'Wieler net un d'Oppositioun ze verléieren.

Groussbritannien ass do e gutt Beispill. Den David Cameron gëtt nach méi Europa kritesch, wéi hie scho war. Datt huet domadder ze dinn, datt d'UKIP, United Kingdom Party, esou staark ginn ass. Dorobber mussen déi reagéieren Parteien dann leider reagéieren, an datt ass d'Gefor, mengt de Professer.

An Éisträich war 2000 d'FPÖ an d'Regierung geholl ginn. Kuerz drop gouf d'Land mat Sanktioune bestrooft. Déi aner Länner wollte verhënneren datt dëst Phänomen op hiert Land iwwergräift. Allerdéngs hat dat net vill gehollef.

Vill Länner hate scho Problemer mat Rietse Parteien, wéi de Chirac mam Le Pen a Frankräich, a fir déi Gefor ze miniméieren, hu se Éisträich sanktionéiert. Hir Aktioun hat awer net den erhofften Effekt, weess de Markus Pausch. Am Contraire, d'Reaktioune vun haut haten zum Ursprong, datt an Éisträich déi riets Partei an d'Regierung koum, wat se virdrun ni konnten.

Mä et huet sech erausgestallt, datt esoubal eng rietspopulistesch Partei um Pouvoir ass, hir Attraktivitéit séier erof geet, well se dann an eng Roll kommen, déi si virdrun kritiséiert hunn. Si musse Positiounen unhuelen, géint déi se virdru waren, sou de Héichschoulprofesser aus Salzburg.

Et muss een awer och nach tëscht méi oder manner haarden Euroskeptiker ënnerscheeden. Déi eng si carrément géint Europa a wëllen d'Opléisung dovunner. Déi aner sinn déi, déi Angscht ëm hir national Identitéit hunn. An vun deene wier an der Presse meeschtens d'Ried, esou de Markus Pausch.

Audio: Populex