Vill Reaktiounen no 26:2Jean-Claude Juncker soll neie Kommissiounspresident ginn

D'Staats- an d'Regierungscheffen hunn zu Bréissel, wéi erwaart, de fréiere Lëtzebuerger Premier nominéiert. Awer net jiddereen war domat d'accord ...

De Jean-Claude Juncker ass op der leschter Ligne droite, fir den drëtte Lëtzebuerger EU-Kommissiounspresident ze ginn: E Freideg am Nomëtteg ass hie vu 26 vun den 28 EU Staats- a Regierungscheffe fir dee Poste proposéiert ginn. Groussbritannien an Ungarn ware, wéi scho Wochen am Viraus ugekënnegt, bei hirer Oppositioun bliwwen. "Haut ass ee schlechten Dag fir d'Europäesch Unioun", war nom Vote d'Urteel vum isoléierten David Cameron. "Et ass ee wichtegen Dag fir Europa", sot dogéint de Premier Xavier Bettel.
Dës Nominatioun muss awer nach duerch e Vote vum Europaparlament Mëtt Juli confirméiert ginn.

Wa sech dann eng Majoritéit vum Parlament hannert de fréiere Lëtzebuerger Premier stellt, wat als sécher gëllt, dann ass de Jean-Claude Juncker neie President vun der EU-Kommissioun an domat de Successeur vum Portugis Manuel Barroso.

Fir déi lescht Europawahlen war jo, méi oder manner kloer, ofgemaach ginn tëscht den Institutioune vum EU-Apparat, datt deen, deen an der Foulée vun de Wahlen eng Majoritéit am Europaparlament hannert sech kritt, Chef vun der Kommissioun soll ginn. Doduerch sollt d'EU méi demokratesch ginn, well duerch de Vote vun de Bierger net just de legislative Pouvoir (Parlament) definéiert géing ginn, si hätten och en direkten Afloss op d'Exekutiv, also op d'Regierung vun der EU, wann een d'Kommissioun esou bezeechne wéilt.

Den Haaptpersonnage vum Dag, de Jean-Claude Juncker huet sech iwwerdeem net zu Bréissel am Conseilsgebai gewisen. Och op Nofro hinn war keen Interview vun him ze kréien.

Reicherts mécht Interim

D'Martine Reicherts mécht den Interim fir Lëtzebuerg zu Bréissel an der EU-Kommissioun - bis elo war jo d'Viviane Reding EU-Kommissarin fir Lëtzebuerg.

© http://ec.europa.eu/civil_service/docs/directors_general/reicherts_en.pdf


D'Martine Reicherts ass den Ament Generaldirektesch vum europäeschen Office des Publications.

D'RTL-Informatioun gouf dunn och vun offizieller Säit bestätegt:

Le Vice-Premier ministre Étienne Schneider félicite Monsieur Jean-Claude Juncker de sa nomination en tant que Président de la Commission européenne et lui souhaite beaucoup de succès dans l’exercice de ses nouvelles fonctions tellement importantes pour l’Union européenne et pour le Luxembourg.

Vu le départ de Mme Viviane Reding de sa fonction de Commissaire européen en raison de son assermentation en tant que parlementaire européen le 2 juillet 2014, le Gouvernement devra nommer un représentant luxembourgeois pour occuper le poste de Mme Viviane Reding jusqu’à l’entrée en fonction de la nouvelle Commission européenne. Conformément à l’accord de coalition, il revient au LSAP de proposer un candidat à ce poste. Ainsi le LSAP a décidé de proposer Madame Martine Reicherts, ancienne chef de cabinet adjoint du Président de la Commission européenne Jacques Santer et actuellement Directeur général de l’Office des publications officielles de l’UE à Luxembourg, pour occuper le poste de Commissaire européen ad interim.

Cette proposition sera soumise pour approbation au Conseil de Gouvernement le mardi 1er juillet 2014.

Communiqué par le Vice-Premier ministre



Dës wichteg Peronaldecisioun op europäeschem Niveau war jo heftegst ëmstridden tëscht de Politiker vun den eenzelne Länner. Nodeems de JCJ no de Wahlen als Gewënner do stoung, well "seng" Partei, d'Europäesch Vollekspartei, déi stäerkst Fraktioun ginn ass, koum no an no Kritik un der Persoun vum Jean-Claude Juncker op, notamment vum britesche Premier Cameron, dee kategoresch géint de Lëtzebuerger war an dat och méi dacks kloer gesot huet. Trotzdem war hien um Enn an der Minoritéit, well déi aner sech eens goufen, datt ee schlecht géint de Vote vum Europa-Vollek an domat hannert déi eege Wierder goe kéint ...

De britesche Regierungschef an erkläerte Juncker-Géigner Cameron zu Bréissel.


Um Freideg huet den EU-Rotspresident Herman Van Rompuy du getwittert, datt de Jean-Claude Juncker nominéiert gi wier.

Direkt hunn de Premier Xavier Bettel - och via Twitter - an de Grand-Duc Henri dem Jean-Claude Juncker felicitéiert. Hei d'Schreiwes vum Haff:

C’est avec beaucoup de satisfaction que la Grande-Duchesse et moi-même avons appris la décision du Conseil européen de proposer votre candidature à la présidence de la Commission européenne.

Je vous souhaite plein succès lors du vote d’investiture qui interviendra très prochainement au Parlement européen. Votre engagement et votre expérience incontestables constituent des atouts précieux dans l’accomplissement d’une tâche difficile mais essentielle pour le futur de l’Union européenne.


© 2014 SIP / Thierry Monasse, tous droits réservés


26:2

E Freideg um 16.30 Auer ass zu Bréissel d'Decisioun gefall: D'Staats- an d'Regierungscheffe proposéieren dem europäesche Parlament de Jean-Claude Juncker als nächsten EU-Kommissiounspresident. Just Groussbritannien an Ungarn si bei hirer Oppositioun bliwwen. Also, wann een esou wëll, eng 26:2-Victoire fir de JCJ.

De 16. Juli ass dann de Vote am Europa-Parlament zu Stroossbuerg, da muss de Jean-Claude Juncker eng Majoritéit vun Deputéierten vu sengem Programm fir déi nächst 5 Joer iwwerzeegen. D'Chancë sti ganz gutt, well d'Sozialdemokrate scho kloer signaliséiert hunn, den EVP-Spëtzekandidat Juncker ze wielen. Op d'mannst 376 Stëmme brauch den neie Kommissiounspresident.

REAKTIOUNEN

"Habemus candidatum ! Bravo Jean-Claude !", huet d'Viviane Reding an enger éischter Reaktioun op facebook gecshriwwen. A weider: "Le Conseil européen a fait le choix de l'expérience et de l'expertise pour conduire la future Commission européenne. Jean-Claude est l'homme de la situation et le Conseil européen ne s'y est pas trompé. La campagne honteuse de diffamation de quelques-uns n'a pas fonctionné et je m'en félicite. L'Europe ressort renforcée par ce choix et son avenir est entre d'excellentes mains."



D'CSV schwätzt vun engem "neien demokratesche Moment":

Die CSV begrüßt die Entscheidung der europäischen Staats- und Regierungschefs vom 27. Juni 2014, dem Europaparlament Jean-Claude Juncker für das Amt des zukünftigen EU-Kommissionspräsidenten vorzuschlagen. Es ist ein neues demokratisches Moment in und für Europa. Die Entscheidung des Europäischen Rats Jean-Claude Juncker das Mandat für den Posten des künftigen Kommissionspräsidenten zu geben, spiegelt den Wählerauftrag der europäischen Bürger vom 25. Mai wieder und entspricht somit auch dem Vertrag von Lissabon.

Mit Jean-Claude Juncker schlagen die Staats- und Regierungschefs dem Europaparlament einen überzeugten und erfahrenen Europäer vor. Gleichzeitig ist Jean-Claude Juncker aber auch Luxemburger Staatsmann, für den Nationen keine provisorische Erfindung der Geschichte sind.

Es ist nun an Jean-Claude Juncker, am 16. Juli die Mehrheit im Europäischen Parlament auf sich zu vereinen und nach der Abstimmung im Europaparlament bis Ende Oktober sein Mandat zu nutzen, um eine ausgewogene Kommission mit 28 Mitgliedern zu bilden sowie ein Arbeitsprogramm für die politische, wirtschaftliche und soziale Weiterentwicklung der Europäischen Union auszuarbeiten.

An enger éischter Reaktioun sot de liberalen EU-Deputéierte Charel Goerens, op d'Fro, ob hien zouversiichtlech ass, datt de Jean-Claude Juncker effektiv déi néideg Majoritéit Mëtt Juli am EU-Parlament kritt, datt dat net ouni Weideres géing goen, well bei der EVP an de Sozialiste wuel net jidderee fir hie stëmmt, et wier also vun Interêt, d'Koalitioun op déi Liberal an déi Gréng auszedehnen.

Reaktioun vum Europadeputéierte Charel Goerens



No der Nominatioun huet de Charel Goerens sech och schrëftlech geäussert:

Je tiens à adresser mes plus vives félicitations à Jean-Claude Juncker, dont la nomination de candidat à la succession de José Manuel Barroso répond à la lecture tant du Traité de Lisbonne que du résultat des élections européennes du 25 mai dernier.

Il va falloir structurer une majorité parlementaire suffisamment solide pour faire face aux difficultés qui ne vont pas manquer de se manifester au cours des cinq prochaines années de son mandat.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn gratuléiert a schwätzt vun enger schwéierer Tâche, déi op de Jean-Claude Juncker waart.

Reaktioun Jean Asselborn



De Vize-Fraktiounschef vun der CSV, Claude Wiseler, huet sech an enger éischter Reaktioun méi wéi zefridde gewisen.

Reaktioun Claude Wiseler



Dass Groussbritannien an Ungarn sech enthalen hunn, wollt de Claude Wiseler net iwwerbewäerten. Well wann een un Europa gleeft a virubrénge kann, da wier dat de Jean-Claude Juncker. Et wier deemno fir Europa een extrem gudden Dag.

Wat dës Nominatioun konkret fir d'CSV bedeit, kann eréischt an den nächste Wochen definitiv gesot ginn, sou nach de Claude Wiseler, dat betrëfft och déi personell Changementer op der CSV-Bänk an der Chamber.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.