EU-Gesetz iwwer d'Späichere vun Daten gëtt iwwerpréift

Nom Urteel vum Bundesverfassungsgeriicht iwwer d'Späichere vun Telekommunikatiounsdaten wëll d'EU-Kommissioun elo d'EU-Gesetz op de Leescht huelen.

Di zoustänneg europäesch Kommissärin Malmström sot, datt een déi Iwwerpréifung ganz serieux well maachen. An der Haaptsaach soll et drëm goen fir ze kucken op d'Datespäicheren konform ass mat der Charta vun de Biergergrondrechter, déi am neien EU-Traité virgesi sinn.