Nicolas Schmit preparéiert Fréijorssomet zu Bréissel

Den Nicolas Schmit ass e Méindeg um Conseil vun den EU-Aarbechts, Sozial- a Gesondheetsministeren zu Bréissel.

Nicolas Schmit© Nicolas Schmit

Déi 27 preparéieren de Fréijorssommet an d'Strategie 2020. Ee vun den Haaptsujete während dem Aarbechtsiessen ass d'Beschäftegung bei deene Jonken. E Méindeg am Nomëtteg schwätzen déi 27 Ministeren iwwert d'Gewalt vis-a-vis vu Fraen an d'Mobilitéit vun de Chercheuren.