EU: Sech selbststänneg man gëtt méi einfach fir Chômeuren

Mikrokreditter fir kleng Entrepreneuren: Chômeuren an der Europäescher Unioun kréien et an Zukunft méi einfach gemaach fir sech selbstänneg ze maachen.

Europa wëll an Zukunft klengen Entrepreneure mat Mikrokreditter ënnert d'Äerm gräifen. Dat hunn d'Aarbechtsminister vun de 27 EU-Memberlänner um Méindegmoien zu Bréissel decidéiert. Dës Krediter vu bis zu 25.000 Euro solle Leit ouni Aarbecht eng Chance gi fir sech selbstänneg ze maachen. Bis ewell ware Mikrokreditter haaptsächlech an den Entwécklungslänner bekannt. Mee déi kënnen och ganz gutt bei ons fonctionnéieren, seet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit.

 AUDIO: Den Nicolas Schmit iwwer d'Mikrokreditter »


Déi Hëllefen sollen vu Juni un ausbezuelt ginn. Donieft kënnen och Entreprisë mat manner wéi zéng Mataarbechter a manner wéi zwou Milliounen Euro Ëmsaz sou ee Mikrokredit kréien. D'EU wëll bis d'Joer 2014 am ganzen 100 Milliounen Euro dofir ausginn.