EU-Zentralbank appelléiert fir Staatsfinanzen ze sanéieren

D'Europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg een Appel un d'Länner aus der Eurozone gemaach hir Staatsfinanzen nach eemol ze sanéieren.

Héich staatlech Defiziter an déi héich Scholde géifen eng zousätzlech Belaaschtung fir d'Finanzpolitik duerstellen an de Stabilitéits- a Wuesstemspakt schwächen. Dat hält d'EZB an hirem Rapport fest, den all Mount publizéiert gëtt. Vun all den 16 Euro-Staaten gëtt erwaart, datt se hiren Engagementer nokommen. D'Konsolidéierung vun den ëffentleche Finanze sollt spéitstens 2011 ufänken.

Eng ganz Partie europäesch Staate mussen enorm Scholdebierger ofbauen. A Griichenland ass den Defizit d'lescht Joer op bal 13% vum PIB explodéiert.