Eurostat: Chômage onverännert am Mee am Verglach mat Abrëll

D'Aarbechtslosegkeet an Europa huet sech am Mee géintiwwer dem Mount virdrun net geännert. Ma si ass awer méi héich wéi am Mee 2009.

Sou wéi Eurostat matdeelt, loung de Chômagetaux am Euroraum wéi am Abrëll bei 10%. Och an der ganzer EU ass den Taux konstant, bei 9,6%.

Déi niddregst Aarbechtslosegkeet hunn Éisterräich, Holland an op Plaz 3 Lëtzebuerg. Lettland läit mat engem Taux vun 20 Prozent um Wupp. Spuenien huet ee Chômage vun 19,9 an Estland vu 19 Prozent.
Just a 5 Länner ass de Chômage par Rapport zum Joer virdrun zeréck gaangen: Lëtzebuerg ass och do derbäi.

10 EU-Memberlänner diskriminéiere Bulgarien, andeems se hiren Aarbechtsmaart net fir Leit aus deem Land opmaachen an dat muss ophalen, sot d'Parlamentspresidentin zu Sofia.
Lëtzebuerg ass eent vun deene Länner, wat just limitéiert bulgaresch Aarbechter zouléisst.