Etude: Rettungsprabbeli fir Euro verstéisst géint EU-Recht

Zentrum für europäische Politik: De Rettungs-Prabbeli fir den Euro verstéisst géint europäescht Recht an ass net kompatibel mat der däitscher Verfassung.

Dat steet an enger Etude, déi den Zentrum für europäische Politik vu Freiburg gemaaach huet. Den Auteur vun der Etude insistéiert, datt den Zentrum an deem hie schafft,  eng onofhängeg Fondatioun wier an d’Etude, déi hien, den Timo Jeck, gemaach huet, wier net vum CSU-Peter-Gauweiler bestallt ginn, dee jo géint d’Rettungsfonge geklot huet.

Den Timo Jeck huet ganz einfach Argumenter, éischtens géint déi 60 Milliounen, déi d’EU Griichenland zur Dispositioun gestallt huet. Schlecht ökonomesch a budgetär Aarbecht ass eben kee Vulkanausbroch oder Äerdbiewen.

Zweetens argumentéiert de Timo Jeck awer och géint de Fong vu 440 Miliarden, deem sei lëtzebuergeschen Deel jo erréischt d’ lescht Woch an der Chamber gestëmmt ginn ass.

Alles méi schlecht ewéi recht also; et war alles vläicht neelech illegal, wat do gemaach ginn ass, mä politesch dach awer onbedéngt néideg.

Den Timo Jeck mengt, et wier bal net méi méiglech erëm zeréckzegoen bei déi eege Responsabilitéit vun den eenzelne Staaten. Mä wéi erreechen, datt an Zukunft net méi gefuddelt gëtt an Europa? Do hëlleft nëmmen Eppes, seet de Freiburger Jurist: D’Staate mussen, wann se budgetär fuddelen, hirt Stëmmrecht am EU-Conseil verléieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.