Juncker am Spiegel: Méi héich Belaaschtunge fir räich Länner

Jean-Claude Juncker am "Spiegel"-Interview: Krut ni eng Erklärung, firwat ech net permanente Rotspresident gouf!

Fir aus der Scholdekris erauszekommen, fuerdert de Jean-Claude Juncker eng Debatt ouni Tabuen; vrun allem déi räich Länner missten sech op méi héich Belaaschtungen astellen, seet de Premier am Interview mam "Spiegel" a nennt Däitschland, Holland, Eisträich, Finnland an och Lëtzebuerg.

Am Interview mam däitsche Magzin seet de Jean-Claude Juncker och nach, datt hien ni eng Erklärung vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel oder dem franséische President Nicolas Sarkozy kritt hätt, firwat hien net permante Rotspresident vun der Europäescher Unioun gouf, opwuel déi meescht Regierungen dat wollten.

Op d'Fro, ob d'Angela Merkel esou eng gutt Europäerin ewéi den Helmut Kohl ass, sot de Jean-Claude Junker dem Spiegel: Den Helmut Kohl war gutt, d'Angela Merkel ass net schlecht, woubäi "gut" an "net schlecht" an dësem Fall dat selwescht bedeiten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.