EuropaparlamentGuy Verhofstadt kandidéiert fir de Posten vum President
De fréiere belsche Premier Guy Verhofstadt wëll also Successeur vum Martin Schulz ginn, deen sech no 5 Joer erëm méi ëm déi däitsch Politik well këmmeren.
Nieft him hunn och zwee Italiener hier Kandidatur gestallt, de Konservativen Antonio Tajani an de Sozialdemokrat Gianni Pittella.
Am beschten stinn d'Chancen vum Kandidat vun de Konservativen, si sinn an der Majoritéit.
D'Wahlen sinn de 17. Januar.
.@GuyVerhofstadt is running for the European Parliament presidency. Can you think of anyone better for the job at these challenging times? pic.twitter.com/YqYluMGIjx