EGKS/CECA

« Europäische Gemeinschaft für Kohle und Stahl »/ « Communauté européenne du charbon et de l’acier ». De Vertrag ass am Joer 1951 vun „deene sechs“ (der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, an Italien) ënnerschriwwe ginn, den 23. Juli 1952 ass en a Kraaft getrueden.

EVG/ CED

« Europäische Verteidigungsgemeinschaft »/ « Communauté européenne de défense ». De Vertrag ass am Joer 1952 vun „deene sechs“ (der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, an Italien) ënnerschriwwe ginn.

EWG/ CEE, spéider EG/ CE

« Europäische Wirtschaftsgemeinschaft »/ « Communauté économique européenne ». De Vertrag ass am Joer 1957 vun „deene sechs“ (der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, an Italien) ënnerschriwwe ginn. D’CEE ass den 1. Januar 1958 a Kraaft getrueden.

EAG/ CEEA/ Euratom

« Europäische Atomgemeinschaft »/ « Communauté européenne de l’énergie atomique ». De Vertrag ass am Joer 1957 vun „deene sechs“ (der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, an Italien) ënnerschriwwe ginn. Den Euratom ass den 1. Januar 1958 a Kraaft getrueden.

Fusiounsvertrag vun den Exekutivorganer

Vertrag mat deem ee gemeinsame Rot an eng gemeinsam Commissioun vun der Europäescher Gemeinschaft agesat gouf, ënnerschriwwe ginn den 8. Abrëll 1965 zu Bréissel. Den Vertrag ass den 1. Juli 1967 a Kraaft getrueden.

Accord vu Schengen

Accord deen de 14. Juni 1985 zu Schengen op der Musel ënnerschriwwe gouf an demols den Ofbau vun de Kontrollen op der Grenz vun der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland virgesinn huet. Nodeems Griicheland, Italien, Portugal, Spuenien, Eisterräich, Dänemark, Finnland, Schweden, Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d’Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn grad ewéi d’Net-EU-Memberen Island an Norwegen dobäi komm sinn, gehéieren haut 24 Länner zum Schengener Raum. Och d’Schwäiz huet d’ Schengener Ofkommen ratifizéiert a wäert subal di néideg Viraussëtzungen erfëllt sinn, bäitrieden. Bulgarien, Rumänien an Zypern sëtzen an der Salle d’attente fir an de Schengener Raum dobäi ze kommen.

EEA/ AUE

« Einheitliche Europäische Akte »/ « Acte unique européen », De Vertrag ass de 17. an den 28. Februar 1986 zu Lëtzebuerg an zu Den Haag ënnerschriwwe ginn. Den Traité ass den 1. Juli 1987 a Kraaft getrueden.

GASP/ PESC

« Geimeinsame Aussen- und Sicherheitspolitik »/ « la politique étrangère et de sécurité commune », zweet Sail vun der Europäescher Unioun.

JI/ JAI

« Justiz und Inneres »/ « justice et affaires intérieures », drëtt Sail vun der Europäescher Unioun.

EWW/ UEM

« Europäische Wirtschafts- und Währungsunion »/ « Union économique et monétaire ». Dës gouf vun 1993 un no an no agefouert. Aus der UEM ass och den Euro ervirgaangen.

Euro

Den Euro ass d’Währung vun der europäescher Währungsunioun. Am Joer 1970 ass d’Iddi vun enger eenheetlecher europäescher Währung fir di éischte Kéier opkomm, an zënter den 1990’er Joren ass di europäesch Währungsunioun étappeweis opgebaut ginn. Am Joer 1995 huet den europäeschen Rot déi nei Währung zu Madrid op den Numm “Euro” gedeeft. 1999 ass den Euro dunn als Kontenunitéit agefouert ginn an zënter dem 1. Januar 2002 sinn Euro-Schäiner a Mënzen am Ëmlaf. Nodeems den 1. Januar 2008 Malta an Zypern den Euro iwwerholl hunn ass déi gemeinsam europäesch Währung an 20 EU-Staten am Ëmlaf.

EU-Traité vu Lissabon

Aus dem Text vun der Verfaassung ass en neien Traité entstanen deen awer net méi Verfaassung genannt gëtt an deen den 13. Dezember 2007 zu Lissabon ënnerschriwwe ginn ass. Den Traité soll am Prinzip bis Summer 2008 an alle 27 EU-Memberstaten ënnerschriwwe ginn. Virgesinn ass dass en den 1. Januar 2009 a Kraaft trëtt.