VIDEO: Serie Katalounien (2)Um Donneschdeg gëtt gewielt, puer Parteicheffen am Prisong

Um Donneschdeg ginn d’Katalane wielen. Et si wuel fräi Wahlen, ma verschidde Parteicheffe sëtzen nach am Prisong.

J-1 a Katalonien (20.12.2017)
Um Wahldag gëtt mat massiver Bedeelegung gerechent. Eng Korrespondenz vu Barcelona.
An de fréiere katalanesche President ass an der Belsch am Exil. D’Relatioun tëscht der spuenescher Zentralregierung a Katalounien ass zanter Méint ganz ugespaant a net nëmmen a Spuenien, mä och zu Bréissel dierft ee ganz genee suivéiere, wat d'Katalane fir hir Zukunft decidéieren.

De Petz Bartz vu Barcelona



Zu Barcelona ass keen neutral a, wéi d’Wahlen en Donneschdeg ausginn, ass och kengem egal. Och net de Lëtzebuerger, vun deene vereenzelter schonn zanter laangem an der katalanescher Haaptstad wunnen an do hiert Liewen opgebaut hunn, och wann se selwer net dierfe matwierken. Sou zum Beispill d'Éliane Bernard, déi zanter 11 Joer mat hirem katalanesche Mann an engem Kand  baussent Barcelona lieft, déi Katalane schwätzt a sech bis viru kuerzem als integréiert gesinn huet.

Serie Katalounien (1): An der schwéierster politescher Kris a Spuenien gëtt gewielt