ParäisEiffeltuerm wéinst de Wiederkonditioune fir de Public zou

Eng seele Precautioun zu Paräis: Wéinst dem Wanterwieder mat Schnéifall bleift den Eiffeltuerm fir Visiteuren zou.

Dëst huet d'Bedreiwergesellschaft um Dënschdeg via Twitter matgedeelt. Wéini déi beléift Paräiser Attraktioun erëm fir de Public accessibel ass, ass nach net gewosst. D'Touriste sinn opgefuerdert ginn, sech iwwert d'sozial Netzwierker um Lafenden ze halen. Am leschte Joer konnt den Tuerm 6,2 Millioune Visiteuren ulackelen.

Den Eiffeltuerm ass 1889 fir d'Weltausstellung gebaut ginn an deementspriechend nom Numm vu sengem Konstrukteur Gustave Eiffel benannt ginn. Um 324 Meter héijen Tuerm kann een net nëmmen déi wonnerbar Aussicht iwwert Paräis op de Plattforme genéissen, mee och am Restaurant huet een eng schéin Vue.

Dem Wiederdéngscht Météo France no ass virun allem den Norde vu Frankräich vum Wanterwieder betraff. Wéinst dem ville Schnéi koum et zu ville Problemer am Verkéier.



Och de Verkéier zu Paräis ass vum ville Schnéi betraff. Dee staarke Schnéifall um Dënschdeg huet am ganze Raum vu Paräis de Verkéier zum Stoe bruecht. Op den Autobunne ronderëm déi franséisch Haaptstad hu sech ronn 740 km Stau gebilt, woubäi Dausende vu Mënschen d'Nuecht hu missten an hirem Auto verbréngen. D'Regierung huet den Awunner um Mëttwoch geroden, hir Autoen stoen ze loossen. Bei den Zich an de Fligere koum et zu Verspéidungen.



Météo France huet bis zu 15 Zentimeter Schnéi gemooss, wat fir Paräisser Verhältnisser immens vill ass. Den Inneministère huet zudeem vun enger "aussergewéinlecher Situatioun" geschwat. 

D'Autoritéiten hunn am Groussraum Paräis 46 Nout-Ënnerstänn fir déi Leit, déi am Stau hänkebliwwe waren, opgeriicht. Honnerte vu Mënschen hunn iwwer Nuecht missten an de Garë Montparnasse an Austerlitz ënnerkommen, well zäitweis keng Zich gefuer sinn. Op de Fluchhäfen Orly a Charles de Gaulle ass et zu Verspéidungen an zu Ausfäll vun de Flich komm. De Paräisser Metro ass awer normal gefuer.

Météo France seet weiderhi Schnéifall viraus. D'Keelt, déi aus Skandinavien kënnt, soll d'Land nach bis de Weekend weider am Grëff hunn.