Fernand Etgen am InterviewGlyphosat: Och Lëtzebuerg seet Nee zu 5 Joer Iwwergankszäit

Um Donneschdeg soll zu Bréissel d'Decisioun falen, wéi eng Iwwergangsphas fir d'Planzeschutzmëttel Glyphosat soll gëllen.

Zu Bréissel soll jo en Donneschdeg eng Decisioun falen wéi et mam Planzeschutzmëttel Glyphosat soll weider goen. Ob den ëmstriddenen Herbizid weider zougelooss ass oder net. Déi aktuell Lizenz leeft Mëtt nächste Mount of. Ob allerdéngs en Donneschdeg driwwer ofgestëmmt gëtt oder de Vote op en Neits reportéiert gëtt, steet nach op.

De Fernand Etgen am Interview mam Claude Zeimetz



De Fernand Etgen huet e Mëttwoch iwwer Facebook wësse gedoen, dass Lëtzebuerg géint eng Nei-Zouloossung vu 5 Joer wäert stëmmen. Dat well den Delai nach ëmmer ze laang ass. Et wier en Trauerspill wat zu Bréissel ofleeft, sou de Fernand Etgen, an hie géif bedaueren, datt d’Kommissioun sech esou schwéier deet ee valabele Kompromëss ze fannen. Lëtzebuerg géif fir ee sougenannte ”Phasing out” um europäeschen Niveau plädéieren, dat heescht den Asaz vu Glyphosat progressiv reduzéieren. Leider wier et zu Bréissel awer kee Wonschconcert an d’Prozedur géif dat och net zouloossen, betount de Landwirtschaftsminister.




Dat huet de Landwirtschaftsminister nach emol en Donneschdeg de Moien bei eis op der Antenne confirméiert.

De Fernand Etgen



Et hätt een net virum Ëmweltministère ageknéckt, sou den Agrarminister weider. Ee Reproche, deen d'Directrice vun der Bauerenzentral Josiane Willems dem Fernand Etgen e Mëttwoch bei eis op der Antenne gemaach hat.

RTL NEWS: D'Josiane Willems war Invité vun der Redaktioun

D'Positioun vun der Regierung wier vun Ufank u kloer gewiescht, dass d'Enn vun der Glyphosat-Ära agelaut ass, sou de Landwirtschaftsminister a senger Reaktioun dorobber. An enger éischter Phas hätt ee sech effektiv enthalen, awer just aus formalistesche Grënn, well nach een Avis ausstoung. Et wier ee jiddwerfalls awer am Glyphosat-Kritesche-Lager gewiescht an et hätt ee matgehollef d'Enn vum Herbizid anzelauden. Elo soll sou séier wéi méiglech mat de concernéierten Acteure geschwat ginn. Néideg wier op all Fall eng Iwwergangsphas, fir dass sech de Beruffsstand kann drop astellen a fir beschtméiglechst Alternativen auszeschaffen.

De Fernand Etgen proposéiert, dass soubal eng Decisioun zu Bréissel gefall ass, sech mat den concernéierten Acteuren heiheem un een Dësch gesat gëtt.

Weider sträicht den Agrarminister ervir, dass d'Lëtzebuerger Baueren mat déi eenzeg an Europa sinn, déi konstruktiv matschaffen. Et géif ee si jiddwerfalls ënnerstëtzen a begleeden. De Fernand Etgen ass eegenen Aussoen no iwwerzeegt dovun, dass d'Baueren och déi Kéier wäerten innovéieren.

Och d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass dofir, dass de Glyphosat direkt vum Marché geholl gëtt. Et misst zu Bréissel Nee gesot ginn fir e Renouvellement oder eng Verlängerung vun der Lizenz. D'Bierger an d'Biergerinne géifen ee kloert a kohärent Signal erwaarden, esou d'Carole Dieschbourg op Twitter.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.