Walk of FameDem Donald Trump säi Stär mat Piosch zerstéiert

De Stär vum US-President um berühmte Walk of Fame war schonn dacks d'Zil vu Vandalismus oder Protestaktiounen. Elo gouf e ganz zerstéiert.

Wéi d'Police vu Los Angeles confirméiert huet, gouf de Stär e Mëttwoch vun engem Onbekannte mat enger Piosch komplett futti geschloen. De 24 Joer ale Mann gouf no senger Dot festgeholl.



Et ass net déi éischte Kéier, dass dem Trump säi Stär boykottéiert gouf. Fir d'lescht war dat 2016 de Fall, kuerz virun de Walen am Oktober. Och do hat e Mann mat engem Hummer an enger Piosch probéiert de Stär ze zerstéieren. Den 52 ale Geschäftsmann gouf op Sursis aus dem Prisong entlooss an huet fir d'Reparaturkäschte missen opkommen.

Nach e puer Méint virdrun hat e Kënschtler eng kleng Mauer ronderëm opgeriicht, fir géint dem Trump seng Politik ze protestéieren.