Kache mam MalouTräipe mat spatzem Kabes a Sauerram

Den Hierscht mat sengem Schmuddelwieder ass jo lo och definitiv hei zu Lëtzebuerg ukomm.

Ma alles Schlechtes huet jo och säi Guddes. Well net nëmmen d’Wieder changéiert ma och de Saisonskalenner fir Uebst a Geméis. Et gëtt endlech erëm e bëssen Ofwiesslung am Geméisrayon an um Wochemaart.

Et gëtt erëm roude Kabes, wäisse Kabes, spatze Kabes, Chicone, Brockelcher, Kalbass, Champignonen, Drauwen, Äppel, Bieren, ... D’Natur bitt eis e prall gefëllten Kuerf, aus dem mir rëm vill lecker Rezepter zaubere kënnen.

Dofir gëtt et dës Kéier Träipen. Awer net wéi soss mat roudem Kabes, Püree an Äppelkompott, ma mat enger Zalot aus spatzem Kabes, Träipen a Rondele geschnidden a gutt krupseg gebroden an engem leckeren Dip aus Sauerram.

Dat braucht Dir fir 4 Leit:

Fir d’Kabeszalot
1 schéine frësche Kapp spatze Kabes
1 Bond frësch Bratzelen
150 gr Cashew Nëss
200ml Oliven Ueleg
100ml Lëtzebuerger Waisswäinesseg
Salz, Zocker, a Peffer

Fir d’Träipen
400gr Träipen
e klenge Strauss Thymian
gekläerte Botter oder Olivenueleg fir ze Broden

Fir d’Sauerram
250ml Sauerram oder Crème fraîche
1 Zitroun
1-2 Iessläffele Lëtzebuerger Moschtert
Salz a Peffer

An esou gëtt et gemaach:

Déi baussecht Blieder vum Kabes erof maachen. A 4 schneiden an de wäissen Stronk erausschneiden. De Kabes a fein Sträife schneiden. Dann an eng grouss Schossel maachen, mat enger Pouz Salz an enger Pouz Zocker wierzen a gutt mat den Hänn duerchknieden esou datt et richteg knackt an de Saft aus dem Kabes leeft.

Cashewnëss ob engem Blech am Schäffche bei 160 Grad fir ongeféier 10 Minutte réischteren. Awer halt se am Aen, Dir wësst jo, déi kleng Denger verbrennen zimlech séier!

Bratzele kleng schneiden a bei Zalot maachen. Lo den Esseg an den Ueleg mam Salz a Peffer iwwert d’Zalot schëdden an alles zesumme gutt mëschen. Kuerz virum servéieren nach Cashewnëss derbäi ginn.

Träipen an zirka 1 cm déck Scheiwe schneiden. De Botter an der Pan waarm maachen, den Thymian duerch d’Pan reiwen. D’Träipe vun all Säit an der Pan krupseg brode loossen an ob engem Kichepabeier ofdrëpse loossen.

Alles wat fir de Sauerram-Dip ass, matenee vermëschen, nach eng Kéier schmaachen an noutfalls nach nowierzen.

Et voilà, fäerdeg ass mäin Träipe-Menu. Loosst Iech e gutt schmaachen.