Expo "Timescape"Mudam: Fotoe vum britesche Kënschtler Darren Almond

Leschte Weekend hunn am Mudam déi nei Ausstellungen ugefaangen.

Mudam-Expo "Timescape" (16.02.2017)
Ausstellung vum Brit Darren Almond

Hei treffen Fotografie, Video, Skulptur a Molerei openeen a proposéieren esou erëm eng grouss kënschtleresch Diversitéit. Nieft dem Samuel Gratacap, deen am Kader vum Mois de la Photographie ausstellt, sinn dann nach 2 weltbekannte Kënschtler vertrueden, den Tony Cragg an den Darren Almond.

Den Englänner Darren Almond ass haaptsächlech bekannt wéinst senger Serie "Fullmoon", wou hie Landschafte mat Hëllef vun der Luucht vum Vollmound duerstellt an do eng Beliichtungszäit vun 15 Minutten gebraucht huet. D’Expo am Mudam steet ënnert dem Titel „Timescape“, wou hien seng ”temporaire Landschaften” weist.

Ugefaangen huet den Darren Almond mat der Skulptur an huet esou no an no och aner Medie fir sech entdeckt. Hien ass op der ganzer Welt ënnerwee fir politesch, konzeptuell an emotional aktiv ze sinn.

Déi 4 Raim an der Expo regroupéiere seng verschidden Aarbechten an Thematiken. D‘Zäit, den Universum, d’Luucht an d’Landschaften, dat sinn Aspekter, deenen den Darren Almond en neien Point de vue gëtt.

An den nächsten Deeg gitt dir dann och nach méi iwwert den englesche Skulpteur Tony Cragg gewuer.