Lëtzebuerg City MuseumDe Stater Geschichtsmusée 2.0: neien Numm an nei Ausstellung

No 21 Joer an iwwer 700.000 Visiteure kritt de „Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg“ oder "Geschichtsmusée" en neien Numm an een neit Gesiicht.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Annick Goerens
Vum 5. Mee u kann een am „Lëtzebuerg City Musée/Museum“ eng komplett reamenagéiert permanent Ausstellung mam Numm „The Luxembourg Story“ entdecken. An do setzt een op eng ganz nei Approche.

Geschichtsmusée 2.0 / Reportage Annick Goernes

Et war eemol... genee sou fänkt all Geschicht un an elo och déi vun der Stad Lëtzebuerg. Fir sech besser z'orientéiere gëtt de Visiteur an der néier Ausstellung duerch e chronologesche Parcours vun eiser Haaptstad gefouert, erkläert Danièle Wagener, Directrice vun den zwee Stater Muséeën.

Dobäi weist een déi grouss Geschicht vun der Stad unhand vu klenge Geschichten. Déi kleng Geschichte weisen d'urbanistesch Entwécklung vun der Stad awer och déi politesch a militäresch. Haaptsächlech awer d'Liewe vun de Leit an der Stad. Dat Ganzt weist op den Titel vun der Dauerausstellung hin "The Luxembourg Story".

De Guy Thewes, Conservateur an den 2 Stater Muséeën erkläert, dass de Visiteur iwwer 4 Niveauen duerch d'Joerhonnerte gefouert gëtt.



Um éischten Niveau beschäftegt ee sech mam Mëttelalter an der Festungszäit. Dono kënnt dann d'19. Joerhonnert, also d'Schläifung, déi nei Stad, d'Industrialiséierung. Um drëtten Niveau ass een dann am 20. Joerhonnert um leschten Niveau ass een dann an den Zukunftsperspektive fir d'Stad.

Ma am spannendsten dierften déi vill nei Theme sinn, déi d'Leit an der neier Expo entdecke kënnen, zum Beispill, wéi Lëtzebuerg zu engem onofhängege Staat ginn ass oder wéi déi néi Quartiere sech entwéckelt hunn. Nei dobäi ass och de Commerce, do hat ee fir eng Ausstellung 2011/2012 vill Material iwwer d'Geschäfter an der Stad kritt, sou datt een elo eng ganz Sektioun domadder ka maachen, iwwer wéi sech d'Geschäftsliewen entwéckelt huet. E weideren neie Raum beschäftegt sech mat den Awunner vun der Stad an de verschiddene soziale Schichten.

Och nei ass villes, wat 1950 geschitt ass. Sou och d'Fro, wéi ass Lëtzebuerg eng Finanzplaz ginn. Do geet ee vun de Clichéë vun de Leit aus a weist dann awer genau, wat d'Grënn sinn.

Déi nei Expo „The Luxembourg Story“ kann een also vum 5. Mee u kucke goen. Se leeft iwwer 4 Niveauen, 25 Säll, 2.200 Meter Carré an 3 Sproochen an huet eng Partie interaktiv Elementer fir Grouss a Kleng.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.