Kasemattentheater"Oh du do uewen, deem seng Hand"

Véier berühmt Gestalten aus dem antike Griicheland ginn nees an Zeen gesat an dat op eng ganz zäitgenëssesch Aart an Weis.

D'Medea, d'Phedra, den Theseus an den Ödipus gi fir d'Lëtzebuerger Produktioun „Oh du do uewen“ e Méinden den Owend am Kasemattentheater nees an Zeen gesat an dat op eng ganz zäitgenëssesch Aart an Weis.

Oh du do uewen / Reportage: Annick Goerens

Déi 4 Lëtzebuerger Auteuren den Ian De Toffoli, den Olivier Garofalo, den Nico Helminger an de Jeff Schinker hunn aus dëse griichesche Mythen déi mënschlech Stäerkten a Schwächten erausgeschafft an an e Lëtzebuerger Kontext gesat. 4 Auteuren, 4 Eenakter an 4 Schauspiller, een Defi fir den Regisseur Thierry Mousset an d'Claire Wagener d'Responsabel fir Dramaturgie.

Och fir d'Acteuren Eugénie Anselin, Raoul Schlechter, Pitt Simon an Nora Koenig war et natierlech een Challenge fir sou vill Rollen esou séier hannerteneen ze spillen. Schwiereg, ma och flott, fënnt d'Eugénie Anselin. Engersäits hätt een zwar 4 Mol méi Aarbecht, obwuel et vum Text hir ëmmer ongeféier d'selwecht vill wär. Ma et misst een awer 4 verschidde Rolle verkierperen. Och wann een net esou vill Zäit hätt, fir sech op déi eenzel Rollen ze preparéieren, wär dat och emol flott séier hin an hir ze sprangen.

Déi 4 Eenakter si modern, nodenklech an heiansdo och witzeg a vulgär, ma virun allem kann all Mënsch sech domat identifizéieren. Zum Beispill am Ian de Toffoli senger Adaptatioun vum Medea geet et ëm eng Koppel, déi gezwongen ass sech ze trennen. Als Regisseur misst ee sech da froen „wéi kréien ech de Konflikt nach méi interessant?", erkläert den Thierry Mousset. Kleng Problemer funktionéieren net - déi Figure misste grouss Problemer hunn. Doduerch wär een op d'Iddi komm, datt déi 2 Figuren net nëmme Problemer mat sech selwer hunn, ma och géint déi ganz Gesellschaft kämpfen. Sou hätt eng lesbesch Koppel méi Schwieregkeete mat Toleranz ze kämpfen, wéi eng heterosexuell an deemno kéimen ëmsou méi Emotiounen.

Den Dekor, e goldegen, beweglechen Hannergrond ass iwwerdeems perfekt gewielt vum Peggy Wurth an dem Thierry Mousset. D'Schauspiller kënne mat minimalen Agrëff een neie Raum schaffe mat ganz neie Méiglechkeete fir d'Mise en scène.
Véier gutt gelongen Eenakter also, mat vill Dynamik, fléissenden Iwwergäng a ganz gudde schauspilleresche Leeschtunge vum Nora Koenig an Eugénie Anselin. Wien hätt geduecht dass griichesch Mythologie och nach haut sou gutt d'Realitéit erëm spigelt?

D'Stéck leeft e Méinden den Owend um 20 Auer am Kasemattentheater a gëtt duerno nach 4x opgefouert. Informatiounen fannt dir um Site vum Theater.

LINK: Weider Informatiounen



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.