Nei ErkenntnisserGeorge Michael un natierlechem Doud gestuerwen

Eng Enquête huet erwisen, datt de Sänger Enn Dezember un enger Häerzmuskelentzündung an enger Fettliewer gestuerwen ass.

© AFP Archivbild

Där Enquête no ass den George Michael, deen Enn Dezember am Alter vun 53 Joer gestuerwen ass, also un natierlechen Ursaache gestuerwen. Als Grënn fir säin Doud huet den zoustännege Geriichtsmedeziner, den Darren Salter, eng Häerzmuskelentzündung an eng Fettliewer uginn.

Den George Michael, dee mat senger Band "Wham!" bekannt ginn ass an dono eng erfollegräich Solo-Karriär hat, hat vill Nummer-1-Hits. Mat déi bekanntste Lidder dierften allerdéngs "Last Christmas", "Wake Me Up Before You Go-Go" an "Careless Whisper" gewiescht sinn. Nieft senger Musekskarriär huet den George Michael an der Vergaangenheet och dacks mat sengen Drogen- an Alkoholexzesser fir Schlagzeile gesuergt.