"GeDICKS"Historeschen Ausfluch an d’Liewe vun eisem Nationaldichter

Dat Ganzt zesummegesat 1991 vum Josy Braun a vum 16. Mäerz un op Tournée am ganze LAnd.

E flotte Programm, lëschteg opbereet vum Claude Fritz an dem Paul Dahm, mat ville bekannte Lidder aus sengen Operetten an enger Rei vu senge flottste Gedichter, an dat zur Geleeënheet vum 125ten Doudesdag (2016) vun eisem Nationaldichter Edmond de la Fontaine.

© dentheater.lu


Et spillen a sangen: Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Marcel Hamilius a Gérard Heinen
Regie: Claude Fritz
Um Piano: Paul Dahm

DenTheater.lu freet sech drop sengem Publikum dem Josy Braun säi Programm an enger adaptéierter Form op eng sprëtzeg an amusant Manéier kënne virzestellen.

De Schrëftsteller Josy Braun, e groussen Dicks-Kenner, hat ugangs den 90er Joren e Programm zesummegestallt iwwert den Dicks, mat deem hien deemools mam Danielle Wenner, dem Venant Arend an dem Robert Lamboray op bal drësseg Plazen am Land mat groussem Succès opgetrueden ass.

De 16. Mäerz war Première am Centre national de littérature.



Weider Virstellungen

Den 23. Mäerz 2017 ëm 20 Auer am Centre Culturel Bouneweg

De 6. Abrëll 2017 ëm 20 Auer am Centre Culturel An Huef zu Weiler-la-Tour

De 7. Abrëll 2017 ëm 20 Auer am Veräinsbau zu Greiweldéng

Den 23. Abrëll 2017 ëm 17 Auer am Betebuerger Schlass

De 5. Mee 2017 ëm 20 Auer am Musée Rural zu Peppeng

Den 9. Mee 2017 ëm 20 Auer am Artikuss zu Zolwer

De 5. Oktober 2017 ëm 20 Auer an der Maison Schauwenburg zu Bartreng

Den 12. Oktober 2017 ëm 20 Auer am Kultursall um Campus scolaire Prince Guillaume zu Steesel