LuxFilmFest-Blog"NEU am KINO" - Leschten Dag

De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Bilan Luxfilmfest (13.03.2017)
Gëschter ass de Luxfilmfest op en Enn gang, dat ganz am Glamour mat dem Terrence Malick senge neitste Film. Zäit de Bilan ze man
Dat war et da mam Luxfilmfest 2017. Mat enger internationaler Avant-Première vum  Terrence Malick sengem Film " Song to song" goung gëschter owend alles erëm op en Enn. Nom traditionellen Erziel-Kino vun "Django" e Freiden den owend no der Präis- Iwwerreechung huet den Alexis Juncosa et fäerdeg bruecht, ee weideren ëmstriddene Film vum Kult-Regisseur virum Rescht vun der Welt op Lëtzebuerg ze bréngen.  Fir deen dann och eng Rei Jonker extra vu Paräis a Berlin bis heihinner gepilgert sinn. Well de Malick huet haut genee esou trei Apostelen wéi senger Zäit de Stanley Kubrick. Eng grad esou grouss Opulenz an den Opnahmen, mat Kamerabeweegungen, déi sech esouguer duerch pickegen Drot duerchwullen. Fantastesch Dréi-Uerter, enorm gutt Schauspiller, vun deene méi Gefillsreaktioune wéi Dialoger verlaangt ginn. An e Montage, deen et net scheit vun Hippjes op Happjes ze sprangen, ouni dass den natierleche Rythmus vum Film géing drënner leiden. Grad ewéi säin " Knight of cups" dréien hei Personnagen wi Raubdéieren een ëm den aneren, hunn Angscht, virun dem wat op se duer kënnt, verléiwen an zerfetze sech, a gi méi an der Abstraktioun vun hirer Gedankewelt wéi am Gespréich mat den aneren presentéiert. Fir de Public ass dat deelweis eng Erausfuerderung. Et gëtt déi, di sech total vun där kontemplativer Ambiance dreiwe loossen ( ech gehéieren och zu deenen), an déi di näischt domadder kënnen ufänken. Dat ass eben d'Konditioun vum Nischekino, deen net onbedéngt eppes fir jiddereen ass. An dat ass de ganze Räichtum vun engem klenge Festival, deen immens op Diversifikatioun setzt, an domadder eng breet Palett ofdeckt vun alldeem wat am Filmwiesen esou produzéiert gëtt.

 All Luef schéngt gesot, de Festival ass um gudde Wee, Joer fir Joer entwéckelt e sech zu sengem Virdeel. De ganz jonke Public gëtt geheegt a gepflegt wéi den Erwuessenen. Ma een Detail bleift wierklech ze verbesseren a schéngt dat schwaacht Element ze sinn: de Camp de base bei der gëlle Fra. De Chapiteau ass bannendran zwar schéin, an d'Billetterie huet déi Kéier och ganz gutt fonktionéiert well se do zentraliséiert war. Och war dëse kannerfrëndleche Raum ideal fir Aktiounen mat Kanner z'organiséieren. Ma Cinéphilen dohinner ze kréien, fir dass se sech iwwer all di Filmer de Mond fuseleg schwätzen oder beim Patt Andréck a Kritiken auschwätzen, schéngt eng Saach vun der Onméiglechkeet. Um owend vun der Präis-Iwerreechung gouf esouguer eng Navette vum Utopolis erof organiséiert. Déi quasi eidel hin an hier gefuer ass. Am Zelt selwer war Weltënnergangs-Stëmmung. Net emol  d'Benevolen koumen, déi hei eigentlech sollte gefeiert ginn. Vläicht houng do de Rimm erof, no iwwer enger Woch Hyper-Aktivitéit. Dat ass méiglech. Ma firwat kënnt do kee Public hin? Well d'Zelt eng wäiss Entrée huet, déi een net gutt gesäit, an och zur Säit gedréit ass, also zimlech schlecht, fir dass sech iwwerhaapt een A kann drop riichten? Och ass hei de Passage net ideal, well net zentral genuch. Wéi dee Projet weidergefouert gëtt, misst  elo total iwwerduecht ginn. Ma no enger Auszäit. Loosse mer d'Organisateure mol an eng wuel verdéngte Vakanz fueren. An dono kucken wat, wou, wéi muss gemaach ginn, fir dass d'Editioun 2018 alt erëm e Krack besser gëtt. Déi misst déi Kéier erëm e bëssche mi fréi oflafen, nämlech vum 22. Februar bis de 4 . Mäerz 2018.

DOSSIER: Blog, News, Gewënnspiller a villes méi iwwert de Luxfilmfest 2017.

Präisiwwerreechung Luxfilmfest (11.03.2017)
E Freideg goufen d'Gewënner vun den eenzele Präisser bekannt gemaach.


Hei d'Schreiwes:

La coordination du festival est heureuse de vous informer que le 7ème Luxembourg City Film Festival a connu une hausse de fréquentation en salle de 13% avec quelque 16.000 spectateurs accueillis en 2017, contre 14.200 en 2016. La fréquentation générale a, elle, bondi de 34%, avec 29.300 participants. Un chiffre qu’il convient de pondérer, l’exposition consacrée à Wes Anderson ayant démarré dès le 27 janvier et connu un franc succès avant même le démarrage du festival. Le Pavillon VR explique également cette hausse spectaculaire, cette nouvelle initiative ayant accueilli 1.700 spectateurs. Malgré une réduction du nombre de jours d’ouverture le Quartier Général a, lui aussi, réussi à maintenir sa fréquentation (2.800 visiteurs). L’équipe du festival tient à remercier chaleureusement tous ses spectateurs, partenaires et sponsors, invités, journalistes, bénévoles, etc. qui ont fait de cette édition un véritable succès et vous donne déjà rendez-vous pour la 8e édition qui aura lieu du 22 février au 4 mars 2018.

Palmarès 2017 :

Grand Prix By Orange d'Aki Kaurismäki : THE OTHER SIDE OF HOPE
Prix du Documentaire by BGL BNP PARIBAS : I AM NOT YOUR NEGRO de Raoul Peck
Prix du Public by Orange : DARK NIGHT de Tim Sutton
Prix de la Critique : GLORY de Kristina Grozeva et Petar Valchanov
et une mention pour de Feng XiaogangI AM NOT MADAME BOVARY
Prix du Jury Jeune : SAMI BLOOD de Amanda Kernell P
rix du Jury Enfants : AUF AUGENÖHE d'Evi Goldbrunner et Joachim Dollhopf
Coup de Cœur des enfants : RICHARD DER STORCH de Tobias Genkel et Reza Memari



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.