Karl-Marx-StatuD'Stad Tréier kritt ee ganz spezielle Kaddo

Am Kader vum 200. Gebuertsdag vum Karl Marx, d'nächst Joer, gëtt zu Tréier eng grouss Marx-Statu aus China opgeriicht.

© AFP (Archiv)
Dat huet de Gemengerot e Méindeg den Owend majoritär decidéiert. 42 Memberen hunn dofir gestëmmt, de Kaddo vu China unzehuelen. 7 waren dogéint, 4 hu sech enthalen.

Wou d'Statu hikënnt, wéi grouss dass se gëtt a wéi vill Käschten domadder verbonne sinn, soll eréischt a weidere Verhandlunge mat China decidéiert ginn.

De berühmte Philosoph Marx, ee vun de geeschtege Pappe vum Kommunismus, gouf de 5. Mee 1818 zu Tréier gebuer.