Hannert de KulissenLuxembourg Design Awards

Am Juni ginn d'Luxembourg Design Awards fir déi zweete Kéier iwwerreecht. En Interview erkläert d'Kritären an d'Problemer vun der Jury.

© C. Kollwelter
D'Aarbecht vun Designer aus dem Schied eraus huelen an hinnen eng Vitrine ginn, datt ass d'Haaptiddi hannert de "Luxembourg Design Awards", déi dëst Joer fir déi zweete Kéier organiséiert ginn. Bis Enn des Mounts kënnen d'Projeten nach eragereecht ginn. Och wann am Juni dann d'Auszeechnunge verdeelt ginn, geet et hei net eleng ëm d'Präisser:
 
"Et geet drëms d'Excellence ze fannen a mir hunn eng Jury, déi ganz haart, ganz sec ass" sou de Fränk Weber, President vun Design Luxembourg. Wann dem Jury an enger Kategorie kee Gewënner kloer genuch erausstieche géing, da géing an där Kategorie och kee Präis iwwerreecht ginn.

Et ass e ganz internationale Jury, deen aus 7 Leit zesumme gesat ass, sou de President vun Design Luxembourg. Bei der 2. Editioun sinn 13 verschidde Kategorie virgesinn, dorënner zwou neier. Datt dat vun Editioun zu Editioun variéiert, huet seng Grënn:

Virun allem déi verschidden Innovatioune sinn dofir verantwortlech, datt et vu Joer zu Joer eng ënnerschiddlech Unzuel u Kategorie gëtt. An der Kategorie "Motion Design" zum Beispill, sinn haut Saachen duerch Technike méiglech, déi et viru 5 Joer nach guer net gouf.

Nei dëst Joer ass ënnert anerem d'Kategorie "Editiorial Design", also vun de Bicher. D'Séverine Zimmer, Coordinatrice vun den Design Awards 2017:

"Mir hu kloer d'Kategorie "Book", fir och déi Bicher ze éieren, déi oft vill Zäit brauchen, déi vill Energie fir d'Kreatioun vun engem schéine Buch brauchen, an déi e bësse vum Print iwwerschwemmt ginn."

Zejoert sinn 194 Projeten eragereecht ginn, dëst Joer erwaart ee sech der souguer méi.

Et gëtt kee Maximum vu Soumissioune pro Kategorie, pro Societéit oder pro Client. Well et keng Limite gëtt, ass et offensichtlech och méi schwéier fir de Jury, duerch déi ganz Projeten ze goen.

An dee wäert sech de 7. Abrëll beroden, ier dann den 1. Juni déi 2. Zeremonie vun den Luxembourg Design Awards am Neimënster ass.

Luxembourg Design Awards