"Nei Revue Asbl"Comeback vun der Lëtzebuerger Revue fir 2018

D'Stéphanie Welbes, de Ricardo Vieira, de Will Aust, de Marc Camy an d'Dana Zangerlé hunn eng "Nei Revue Asbl" gegrënnt.

© Archivfoto

Nodeems de Lëtzebuerger Theater am September 2016 decidéiert hat, keng Revue méi op d'Bühn ze bréngen, schéngt elo eng nei Equipe ronderëm de Ricardo Vieira, de Will Aust, d'Dana Zangerlé an de Marc Camy eng "Nei Revue Asbl" ze grënnen, an dat op Wonsch vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg.

D'Presidentin ass d'Stéphanie Welbes an de Regisseur ass den Nico Lessyn.

Auteure wéi de Marc Weidert, Roland Kalté, Patrick Kayser an de Roland Meyer hu schonn zougesot. Wéi et weider heescht, wäerten och nach aner "Iwwerraschungsauteuren" dobäi sinn. An den nächste Méint ginn awer och nach nei Acteure gesicht, déi bereet sinn d'Traditioun, déi op d'Joer 1896 zréckgeet, virunzeféieren.

Datumer fir Virstellungen zu Maarnech an zu Ettelbréck solle scho fix sinn. De 5. Abrëll huet déi "Nei Revue Asbl" e Rendez-vous mam Tom Leick vum Groussen Theater. Dem Escher Theater säi Programm steet scho fir 2018. Deemno ass een de Moment nach op der Sich no engem gëeegente Sall am Minett. 

Allerdéngs muss een elo nach bis d‘Fréijoer 2018 waarden, ier een nees iwwer d'Sketcher ronderëm eis Politiker an den Haff laache kann.

Déi al Equipe ronderëm de Zoltan Gaetti hat jo d'lescht Joer vu finanziellen Schwieregkeeten geschwat. Vun ze ville Fraisen, enger ze grousser Konkurrenz um Lëtzebuerger Terrain, a schlechten Datumer, déi de Lëtzebuerger Theater proposéiert krut, war rieds gaangen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.