Derek Walcott87 Joer alen Nobelpräis-Laureat ass gestuerwen

De Poet an Dramaturge ass e Freideg am Krees vu senger Famill a sengem Haus zu Cape Estate op der Karibikinsel St. Lucia gestuerwen.

© AFP
Den Derek Walcott huet als Mëttler vum karibesche Liewensgefill an der westlecher Kulturtraditioun gegollt. 1992 gouf hie mam Nobelpräis an der Literatur ausgezeechent.

De Walcott huet iwwer 20 Bänn mat Gedichter an iwwer 30 Theaterstécker publizéiert. Säi wichtegst Wierk ass de Versepos "Omeros" vun 1990, eng Adaptatioun vum trojanesche Krich als soziale Konflikt tëscht Fëscher an der Karibik.