RIPRock'n'Roll-Legend Chuck Berry dout

De Museker ass e Samschdeg am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Hie gëllt als Virbild fir d'Beatles a fir d'Stones.

De Museker, deen eigentlech Charles Edward Anderson Berry Sr. geheescht huet an als Pionéier an Innovateur vum Rock'n'Roll gëllt, ass bei sech doheem am US-Bundesstaat Missouri gestuerwen. Dat huet d'Police vu St. Charles County op Facebook matgedeelt. Hie wier net méi uspriechbar gewiescht an et wier net gelongen, hien ze reaniméieren.




Den afroamerikanesche Sänger a Gittarist gouf 1926 zu St-Louis gebuer. Hien huet Generatioune vu Museker beaflosst a war den Idol vun de Beatles an de Rolling Stones. Hien huet och d'Beach Boys oder de Bob Dylan inspiréiert. Viru Kuerzem hat hien nach en neien Album annoncéiert – den éischten zanter bal 4 Joerzéngten.

D'Zäit vum Chuck Berry, dat waren d'Enn vun de 50er, d'60er Joren, wou en de Rock’n’Roll nohalteg beaflosst huet. Mat Lidder wéi „Johnny B. Goode“, „Sweet Little Sixteen“ oder „You never can tell“, wat och méi Jonken dierft bekannt sinn aus dem Film Pulp Fiction.

Fir säi Liewenswierk krut hien 1984 e Grammy a gouf 1986 an der Rock’n’Roll „Hall of Fame“ opgeholl.


LINK: Méi iwwer d'Liewe vum Chuck Berry op 5minutes.rtl.lu.









Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.