Independent Little Lies – ILL"D'Kachboun" zu Téiteng an der Schungfabrik - VERLUECHT!

D'Kollektivkreatioun ëm Iessgewunnechten a Kachkultur soll e Sonndeg ëm 17 Auer gespillt ginn, gouf awer verluecht!

Während engem ganze Kalennerjoer setze sech 3 Frae mat Innovatioun an Traditioun an der Lëtzebuerger Kach- an Iesskultur auserneen. Hire Wonsch no enger Symbios ass esou staark, datt si probéieren, hir Iessmanéiere komplett z'änneren, op sëlleg Duerffester ginn an esouguer bei enger Kachshow matmaachen.

Donieft gëtt d'So vun der Kachboun erzielt, enger mysteriéiser Boun, op déi ee séier muss Buedem geheien, wann een se gesäit, well soss ...

Vun a mam Frédérique Colling, Catherine Elsen, Rosalie Maes
Bühnebild: Kim Clement
Luuchtekreatioun: Dominik Dusek
Œil extérieur: Linda Bonvini

Produktioun: Independent Little Lies
Koproduktioun: Aalt Stadhaus Déifferdeng a Schungfabrik Téiteng

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, vum Fonds Culturel National a vun der Fondation Indépendance

26.03.2017 17:00 Schungfabrik Téiteng

-----> VERLUECHT!!!! Dat gouf um Freideg matgedeelt.

Informatiounen www.ill.lu

Reservatioun www.luxembourg-ticket.lu +352 47 08 95 1 www.ticket-regional.lu