Eemaischen 2017Neie Péckvillche vum Comité Alstad

Eng limitéiert Oplo vun nëmmen 100 Exemplairë mécht den neien Entworf zu eppes ganz Besonneschem. - Infoen a Programm.

Péckvillchen 2017
Joresdeeg gëtt et op der Eemaischen 2017 vill. Et ass zugläich déi 190. Editioun, de 500. Gebuertsdag vum Grof Mansfeld an den Alstad Comité gëtt 80 Joer al.

Aus deene Grënn huet de Comitésmember vum Comité Alstad Serge Di Paoli e Péckvillchen entworf, deen a limitéierter Oplo vun zwee Nouspelter Aulebäcker realiséiert ginn ass.

De Comité Alstad huet awer och nach Plattoen an der Offer.

Op Ouschtersonndeg gëtt et an Sankt Méchel ëm 11.30 Auer eng Mass, déi och gesonge gëtt.

Den Dag drop, um 17. Abrëll, geet dann déi 190. Eemaischen op.

Communiquéen:

Péckvillchen 2017
fir déi 190. Éimaischen um Fëschmaart

De Péckvillchen vum Comité Alstad ass jo schons Traditioun. Och fir d'Joer 2017 huet onse Member Serge Di Paoli nees e ganz flotte Péckvillchen entworf. Réaliséiert gouf de Péckvillchen vun dësem Joer vun 2 Nouspelter Aulebäcker, dem Laurent Kandel an dem Pauline Godfroid. Bestelle kann een de Péckvillchen vun elo u bis de 12. Abrëll 2017 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 25 € pro Stéck op ee vun onse Konten:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

(mam Vermierk: Péckvillchen 2017)

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Péckvillchen Ouschterméindeg, den 17. Abrëll 2017 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad, vu mueres 08:00 bis 12:00 Auer.

Wien net op d'Éimaische ka kommen, huet d' Méiglechkeet, seng Bestellung an onsem Büro op N° 1 an der Logegaass um Fëschmaart, vum 18. bis den 25. Abrëll 2017 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.
Et sief nach bemierkt, datt de Péckvillchen 2017 just an enger ganz klenger Oplo vun nëmmen 100 Stéck produzéiert gouf, nummeréiert a mat engem signéierten Zertfikat vum Artiste.

Mir wënschen Iech vill Freed mam Péckvillchen 2017.

„Mei Freier ass e Schuechtegfeer!“


Mei Freier ass e Schuechtegféer

Säit 1938 verkeeft de Comité Alstad all Joer, op der Éimaischen, en Objet wou den Erléis engem gudden Zweck zouerkannt gëtt. 1938 wor den éischten Objet eng Mapp „Lëtzebuerger Biller“ mat 3 Zeechnungen vum Joseph Propst. Motiver vun deenen Zeechnunge woren folkloristesch Personnagen aus der Welt vun onsem Nationaldichter “Dicks”. Mir hunn dunn op déi 3 Zeechnunge vum Joseph Propst zréckgegraff, a bidden Iech als Objet fir 2017 den zweeten vun enger Serie vun 3 Telleren (Ø 30 cm) un, déi als Plateau, Sous-assiette oder Teller an och als Dekoratiounsobjet Freed kënne man.

Dat lescht Joer hu mer am Kader vum 125. Joresdag vum Doud vum Dicks mat engem flotten Dicks-Owend am Kapuzinertheater erënnert. An op der Éimaischen 2016 hu mer iech den 1. Plateau „Mir zwe, mir sollten ons bestueden!“ (aus der Mumm Séiss ugebueden). Elo fir Joer 2017, wat och den 80. Joresdag vun der Grënnung vum Comité Alstad ass bidde mer iech den zweeten Plateau „Mei Freier ass e Schuechtegfeer!“ (aus der Operette De Scholdschäin) un.

E groussen Plateau oder och ze gebrauchen als Teller fir ons gudd lëtzebuerger Spézialitéiten, Ënnerteller oder einfach als Dékorteller an der Vitrine oder un der Mauer.

De leschten Teller „Juchhei! Ech sinn de blannen Theis“ no engem Gedicht vum „Dicks“, ass dann fir dat nächst Joer.
Bestelle kann een de Plateau (30 cm Duerchmiesser) duerch Iwwerweise vun 25 € op ee vun onse Konten:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000
Vermierk: Plateau Dicks 2

Mir wellen awer och drop opmierksam man, dass den 1. Plateau (Mir zwee mir sollten ons bestueden!) nach ze kréien ass, duerch Iwwerweisung, mat dem Vermierk Plateau Dicks 1, vun 25 € pro Stéck.    
Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Plateau Ouschterméindeg, den 17. Abrëll 2017 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad vu mueres 08:00 bis 12:00 Auer).

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’ Méiglechkeet, seng Bestellung an onsem Büro op N° 1 an der Logegaass um Fëschmaart, vum 18. Abrëll bis den 25. Abrëll 2017 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

Jubiläums-Editioun mat Vue vum Mansfeldschlass a Clausen.


1517-2017
500. Gebuertsdag vum Grof Péiter Ernest I. vu Mansfeld

De Péiter Ernest I. vu Mansfeld-Vorderort, gebuer den 12. August 1517 am Schlass Heldrungen bannent der Festung mam selwechten Numm a Sachsen (Mansfelder Land), a gestuerwen den 23. Mee 1604a Clausen, war Feldmarschall an der spuenescher Arméi a Gouverneur vun der spuenescher Kroun an den Nidderlanden, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg.

De Mansfeld war dat 13. Kand vum Ernest II. vu Mansfeld-Vorderort an deem senger zweeter Fra Dorothea Gräfin vu Solms. Hie koum mat 14 Joer un den éisträichesche Kinnekshaff, deen e 4 Joer drop verlooss huet, fir mam Keeser Karel V. un der Befreiung vun Tunis deelzehuelen. Hie gouf Gouverneur vun der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg (1545-1604), an den Nidderlanden (1590-1594) an zu Bréissel (1566).

1572 huet hien an der Stad Lëtzebuerg en neit Stadhaus, als Sëtz vum Gouverneur, baue gelooss, wat haut de Groussherzogleche Palais ass.

De 4. Mäerz 1594 huet de Keeser Rudolf II. en zum Reichsfürst vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ernannt. De Mansfeld huet sech 1597, mat 80 Joer vun allen ëffentlechen Ämter zréckgezunn, an ass den 23. Mee 1604 a Clausen gestuerwen.

Fir den 500. Gebuertsdag vum Grof Mansfeld bidd iech de Comité Alstad an Zesummenarbecht mat der Raiffeisenbank e rechteckegen Plateau (33 x 23 cm) un mat enger Vue vum Mansfeldschlass a Clausen. Et ass eng Vue vum Schlass aus dem Joer 1656 déi dem Moler Joachim Laukens zou erkannt get a get am Stater Geschichtsmusée versuergt.

Bestelle kann een de Plateau vun elo u bis de 10. Abrëll 2017 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 30 € pro Plateau op de Kont bei der Raiffeisebank IBAN LU77 0099 7800 0057 7023 mam Vermierk « Plateau Mansfeld »

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Plateau Ouschterméindeg, den 17. Abrëll 2017 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad, vu mueres 08:00 bis 12:00 Auer.

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’Méiglechkeet, seng Bestellung an onsem Büro op N° 1 an der Logegaass um Fëschmaart, vum 18. Abrëll bis den 25. Abrëll 2017 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

Et siewe nach bemiekt dass de Plateau an enger begrenzter Zuel eraus könnt, an engem schéinen Karton ass an dem och en Zertifikat beileit souwéi en Text vun der Historikerin a Member vum Comité Alstad, dem Isabelle Yegles mam Titel La patrimonialisation du site historique du château « La Fontaine » à Clausen )

De Comité Alstad an Raiffeisebank wënschen
iech vill Freed mat äerem Plateau Mansfeld

De Méchelschouer.


Hei ons lescht Neiegkeeten fir déi kommend Ouschterdeeg

16. Abrëll 2017 (Ouschtersonndeg)

Um 11:30 Auer gët zu Dominikaner (Sankt Méchel) eng Mess mat Uergel  gehalen fir déi verstuerwen Membren vum Comité Alstad an zu Éiren vum  hl. Théobaldus, dem Patréiner vun den Aulebäcker, déi hei vun Alters hir, op Ouschterméindeg dat Fest besonnesch gefeiert hun. Mëss gët gesongen vum Méchelskouer ënnert der Direktioun vun hierem Dirigent Gerry Welter.

Niewent dem Méchelskouer ass och derbei de Kouer « Vachův sbor moravských učitelek » (Le Chœur des enseignantes moraves de Ferdinand Vach, aus der Tschechei), ënnert der Direktioun vun der Madame Martina Kirová. E Kouer den am Joer 2012 sein 100. Gebuertsdag gefeiert huet.

Programm :
Jiri Laburda – Beata Dei genitrix (no der éischter Liesung)
Jiri Laburda – Ecce sacerdos magnus (no der Opferung)
Mary Lynn Lightfoot - Et in terra pax (no der Kommunioun)

17. Abrëll 2017 (Ouschterméindeg, déi 190. Éimaischen um Fëschmaart)

En Ensembel vun lëtzebuerger Folklorgruppen « Uucht-La Veillée, La Ronde Beetebuerg an Vallée des Sept Châteaux » erfréien ons vun 09:30 bis 10:00 Auer an vun 10:20 – 10:50 Auer mat lëtzebuerger Foleksdänz.

Während der Paus vun 10:00 bis 10.20 Auer an vun trëtt dann déi belsch Grupp vun Wilryck op. Heibäi handelt et sech em den Vlaamse Volkskunstgroep De Kegelaar vun Wilryck (op Besuch bei der Lidderuucht-Lëtzebuerg). Géint 11:00 Auer Concert mat der Lidderuucht Lëtzebuerg.

Mir hun och erëm en ale Brauch ausgegruewen an zwar « Eëerschöllen » dat 1982 fir d’lescht vun de Kanner gespillt gouf. « Eëerschöllen » e brullen (erofrullen lossen) vun Eeër iwer eng Holzschinn. Huet en dann mat sengem Ee en vun denen Eeër geteckt déi um Bueden louchen, dann huet en déi gewonn. Mir propéieren dat erëm opliewen ze lossen vun 10:30 Auer bis 11:00 Auer op der Plaz virum Musée. Al Kand kritt en Ouschteree a ka säi Gléck propéieren.

Och op der Éimaischen, direkt niewent onsem Stand mam Valentina Becker, Member vum Comité Alstad gratis Face-painting fir ons kleng Frënn.

Nomëttes um 15:00 a bis 16 :00 Auer Concert mat der CityBrass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.