DéifferdengOuverture vum Science Center

Wëssenschaft fir unzepaken a selwer auszeprobéieren ... de Science Center zu Déifferdeng ass en Dënschdeg offiziell opgaangen.

Ouverture vum Science Center Deifferdeng (28.03.2017)
An der fréierer Leierbud vun der ARBED ass op 3000 Meter Carré de SCIENCE CENTER ennerbruet.

Iwwer 250 Schüler konnten en Dënschdeg op iwwer 50 Statioune spilleresch testen, wéi d'Prinzipie vun der Wëssenschaft funktionéieren.

Bis de 4. Oktober ass de Science Center just fir Schoulklassen. Bis zu 20 Schoulklassen den Dag kënnen empfaange ginn. Duerno geet de Luxembourg Science Center an der fréierer Léierbud vun der Arbed zu Déifferdeng fir jiddereen op.

2023 soll et dann en neien, vill méi grousse Science Center ginn, dee vis-a-vis vum aktuelle gebaut gëtt. An deen och Visiteuren aus der Groussregioun soll unzéien.

Op 3.000 Meter Carré kann een zu Déifferdeng awer elo schonn esou Muenches entdecken.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.