Generation Art - Photo EditionDe Bruno Oliveira gewënnt déi grouss Finale

D'Roxanne, de Bruno an de Yannick stoungen e Samschdeg an der Finale vun Generation Art, déi live aus de Rotondes op RTL Télé Lëtzbuerg iwwerdroe gouf.

Generation Art- Photo Edition: Déi grouss Finale (08.04.2017)
Wien ass de grousse Gewënner vun Generation Art? De Bruno, d'Roxane oder de Yannick? Kuckt Iech d'Finale vun der 3. Saison hei nach emol un.

Bruno Oliveira heescht de Gewënner vun der 3. Staffel vun Generation Art vun Télé Lëtzebuerg, bei där d'Fotografie am Mëttelpunkt stoung. An der Finale konnt de Bruno Oliveira sech géint d'Roxanne Peguet an de Yannick Schroeger duerchsetzen. Seng Aarbecht "Lucinda", an där d'Thema Luucht am Mëttelpunkt stoung, huet dem Jury am beschte gefall.

Als Haaptpräis kritt de jonke Kënschtler e Präisgeld vu 5.000 €.

Generation Art Finale: Interview mam Bruno

An de nächsten zwou Woche kann een sech d'Fotoe vun den dräi Finalisten nach an de Rotondes ukucken. 

Fotoe vun der Finale

Portrait vum Bruno Oliveira:


De Bruno Oliveira ass geléierten Educateur. En Job, deen hien un den Nol gehaangen huet no senger Participatioun bei der zweeter Staffel Generation Art, wou hie seng Passioun fir d’Fotografie nei entdeckt huet. Doropshin ass hie Fotografie op Bréissel studéiere gaangen. Hie wollt nach emol matmaachen, fir ze beweisen, wat e wierklech drop huet.

Generation Art Photo Edition: Portrait vum Bruno Oliveira (08.04.2017)
E Samschdeg den Owend konnt sech de Bruno Oliveira d'Victoire vun der 3. Staffel sécheren.


Reportage: Generation Art kennt elo säi Gewënner! (10.04.2017)
De Bruno Oliveira ass de Gewënner vun der 3. Staffel Generation Art.

Wéi hunn d'Finalisten an de Gewënner dëse spannende Moment erlieft?



Déi 2 aner Finaliste waren:


D’Roxanne Peguet kënnt aus dem Filmberäich, wou et Location Assistant ass a sech ëm d'Statiste këmmert. Momentan schafft hatt och mat um neie Superjhemp-Film. D'Fotografie huet d'Roxanne e wéineg op d’Säit geluecht, wéi et Film studéiere gaangen ass, eng Passioun déi et awer duerch Generation Art – Photo Edition erëmfonnt huet.

De Yannick Schroeger ass éischter an der Konscht Doheem, a mécht ganz impressionant realistesch Zeechnungen. D’Fotografie huet hien eréischt virun engem Joer fir sech entdeckt, als nei Manéier sech auszedrécken. Hien huet e ganz staarken Univers, deem him och gehollef huet et bis an d’Finale ze packen.

Den Challenge:

Déi 3 Finalisten hunn eng Expo an de Rotondes gewonnen. Den Challenge dës Kéier fir si wor et, eng ganz Expo op d’Been ze setzen zum Thema "Luucht", mat enger vertikaler Foto vu 4 op 3 Meter an der Rotondes 2 (wat ganz exzeptionell ass well weder Kënschtler nach Public soss do eran dierf); eng horizontal Foto an der selwechter Dimensiounen an der Rotondes 1 an e Moodboard, eng Zort Recherchemauer, wou se de Wee bis bei déi fäerdeg Foto erklären.

D'Expo vun den 3 Finalisten kann een dann och nach weiderhin an de Rotondes kucke goen. All Informatiounen dozou grad ewéi d'Ouvertureszäiten vun der Expo fënnt een um Internetsite vun de Rotondes.

Hir Wierker fir d’Finale waren:

-Fir d’Roxanne "3ème sexe": E Portrait iwwert e Mann dee sech deels Fra, deels Mann fillt. Der Finalistin hire But: eng Persoun an d’Liicht setzen, déi normalerweis éischter vun der Gesellschaft ausgeschloss gëtt.

-Fir de Bruno "Lucinda": E Portrait iwwert seng Mamm an hir Geschicht. De Bruno wollt d’Luucht op eng méi poetesch Manéier duerstellen, an huet dofir mat senger symbolik geschafft.

- Fir de Yannick "Embryo aus Plastik": Ganz impressionant Fotoen, wou hien d’Luucht op eng méi Brut Manéier verschafft huet. Hien thématiséiert dermatt "d'Neigebuert vun enger Generation".

D’Jury:

D'Membere vum Jury sinn d'Marita Ruiter (Galeristin), d’Daniela del Fabbro (vum CNA) an den Didier Damiani (Konschtkritiker). Och dobäi de Marc Scozzai, Programmateur vun de Rotondes a Gaaschtjuror fir d’Finale.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.