Serie PatrimoineWat ass déi aktuell Situatioun am Beräich Patrimoine?

D'Responsabilitéit vum Schutz vun Gebaier läit beim Staat, beim Ministère - dat ënnersträicht de Staatssekretär Guy Arendt.

An awer wier een zum Deel op d'Kommunikatioun vun de Gemengen ugewisen. No der Opreegung ronderëm 2 al Haiser, déi zu Hengescht sollten ofgerappt ginn, hat de Staatssekretär schonn emol drop higewisen, datt d'Gemenge missten e bësse méi kollaboréieren. Am RTL-Interview erkläert de Guy Arendt de Rôle vun de verschidden Instanzen fir de Patrimoine, deen mer hei am Land hunn, ze versuergen. De Ministère, Site et Monument, d'Gemengen an och d'Politiker si gefuerdert.

Patrimoine / Reportage: Claudia Kollwelter


Déi eng Gemenge géinge sech mellen, anerer net. Wa Gemenge fannen, datt Haiser schützenswäert sinn, da muss d'Commission des sites et monuments, kuerz COSIMO respektiv de Ministère decidéieren, ob se geschützt ginn oder net. De Staatssekretär Guy Arendt betount awer, datt et wichteg ass, datt d'Gemengen iwwert Projete kommunizéieren, datt ee mat Zäit kéint op d'Plaz kucke goen an zum Beispill ee Classement d'urgence ze maachen. An deene Punkte wënscht ee sech eng besser Kollaboratioun vu Säite vun de Gemengen. Et misst vläicht och méi gekuckt ginn, mat Promoteuren, ob een en erhalenswäerte Site kann iwwerhuelen an een aneren.

Et wieren nach ëmmer vill Proprietairen, déi de Schrëtt maachen a soen, datt hiert Haus schützenswäert ass a wëllen, datt d'Prozedur ageleet gëtt. Anerer si sécherlech ofgeschreckt, well een den Terrain net méi einfach verkafe kann, wann d'Haus, wat drop steet, bis klasséiert ass. Do wieren dann d'Politiker gefuerdert. De Bewosstsinn vum Patrimoine wier elo och ëmmer méi opkomm.

Lëtzebuerg huet eng Partie Konventiounen ënnerschriwwen an am Parlament gutt geheescht, wou een eng Obligatioun huet, fir d'Leit ze sensibiliséieren.

Wat heescht et eigentlech fir de Proprietaire vun engem Gebai oder fir privat Leit, deenen hiert Haus klasséiert gëtt?

Patrimoine, Bedeitung fir Proprietairen/Rep. C. Kollwelter

De Patrimoine, dee mir hei am Land hunn, versuergen - dorëm geet et beim sougenannten "Klasséieren" vu Gebaier an Haiser. Ma wat heescht et eigentlech fir de Proprietaire vun engem Gebai oder fir privat Leit deenen hiert Haus klasséiert gëtt?

De Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt erkläert am RTL-Interview wien iwwerhaapt d'Klassifizéierung ufreet, wéi d'Prozedur da verleeft a wat d'Contraintë sinn. Ënnerscheet gëtt tëscht zwou verschidde Klassifikatiounen.

Engersäits gëtt et den "inventaire supplémentaire". Dorënner fale Gebailechkeeten, déi e gewësse Schutz brauchen. Därer ginn et aktuell 750. Op där anerer Säit dann d'Klassifizéieren als "Monument nationale" - do gëtt net laang gefrot, ob ee mat den Aarbechten d'Accord ass, do muss d'office de Ministère averstane sinn. D'Gebai muss hei eng aner, eng national Bedeitung kréien. Monument nationale ginn et der 350 zu Lëtzebuerg.

De Propriétaire, d'Commission sites et monuments, kuerz COSIMO ka vu sech aus froen, datt Gebailechkeete geschützt ginn an natierlech och privat Leit. Wann d'Demande beim Kulturministère ukomm ass, geet se weider u Sites et Monuments. Do ginn da professionell Leit engagéiert fir sech e Bild vum Gebai ze maachen, da geet den Dossier zeréck un d'COSIMO, déi hëlt en Avis, an dësen Avis gëtt dann dem Ministère ënnerbreet. Do gëtt da gekuckt ob een den Avis suivéiert oder net, sou de Guy Arendt.     

Wéinst verschiddene Contrainten ass een am gaangen, de Prozess e bëssen ze acceleréieren. Wat dierf een dann nach maachen, wann en Haus bis klasséiert ass? D'Haus däerf op alle Fall net ofgerappt ginn, et kënnen awer Transformatiouns- a Restauratiounsaarbeschten gemaach ginn, wann de Minister den Accord ginn huet. Am Fall vu "Monument nationale" gëtt a Begleedung vu Sites et monuments gekuckt, wat ka gemaach ginn.     

Fir e kommunale Schutz si 25% Subside virgesinn, fir den nationale Schutz souguer 50%.  Dat natierlech just op Aarbechten, déi gemaach ginn, fir de Patrimoine ze konservéieren. De "Fonds pour les monuments historique" hat 2016 e Budget vu 6,8 Milliounen. Dee selwechte Chiffer ass am Budget fir 2017. Laut pluriannuel sinn et 2018 nach eemol 6,8 Milliounen, fir 2019 sinn 9,5 Milliounen an 2020 11,3 Milliounen.

Asbl Luxembourg Patrimoine: "Brauchen verflichtenden Austausch tëscht Gemengen a Ministère"

Suivi Patrimoine/Reportage Claudia Kollwelter

Datt et kee verflichtenden Austausch tëscht de Gemengen an dem Kulturministère a Punkto Patrimoine gëtt, ass dem President vun der Asbl Luxembourg Patrimoine, Paul Ewen, no e grousse Problem. Déi aktuell Situatioun hei am Land, wat de Schutz vu Gebailechkeeten ugeet, wier net roseg. Iwwerall uechtert d'Land géingen et Plazen ginn, wou Haiser an engem héijen Tempo verschwannen an dofir géing et och elo eng Urgence ginn, fir endlech ze legiferéieren. Der ASBL no sinn et net d'Demanden vu Bierger, déi d'Land retten wäerten.

Zanter 2010 wier d'Zuel vun Demanden fir e Classement national relativ staark geklomme, dat géing stëmmen. Dat hätt dem Paul Ewen no och domat ze dinn, datt Leit aus der Zivilgesellschaft sech agemëscht hunn, fir kloerzestellen, datt de Staat, eng Gemeng an e Privaten, ob Proprietaire oder net, zu all Moment eng Demande de classement beim Kulturministère areeche kann.

Et géingen e puer Beispiller ginn, déi weisen, datt och mat engem Avis vum Sites et Monuments, de Proprietaire an d'Gemeng et schlussendlech anescht gemaach hunn. Et gi keng Zwäng an der Legislatioun, fir de Schutz konkret ze maachen. Et misst eng Kollaboratioun tëscht de Gemengen an dem Kulturministère ginn. En plus wier all eenzel Gemeng am Land zum Deel e puer mol vum Service des sites et monuments gesi ginn. Zënter 2012 hätt een den Inventaire gemaach, mat sougenannte "Begehungen".

Dat misst ee sech ëmmer erëm virun Aen halen. Wann also iergendeen an enger Gemeng géing soen, e wéisst net, wat do stoe géing, dann kéint dat net richteg sinn, well et déi Lëschte ginn.





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.