VIDEO News - ExpoGrouss Steichen-Ausstellung an der Villa Vauban

D’Villa Vauban an der Stad weist den Ament eng nei Ausstellung vum Fotograf Edward Steichen.

Steichen-Expo a Villa Vauban (14.04.2017)
D’Villa Vauban an der Stad weist den Ament eng nei Ausstellung vum Fotograf Edward Steichen.

D’Expo ëmfaasst säi Liewenswierk mat Fotoen vun 1898 bis 1959 a weist esou déi Diversitéit, déi hien zu engem vun de bedeitendsten Fotografe weltwäit gemaach huet. Dat Speziellt un der Expo ass awer och, datt eng Rëtsch Molereien a Skulpturen, vu Lëtzebuerger Zäitgenossen vum Steichen, am Dialog mat senge Fotoen stinn. Mat 44 Fotoen, dorënner 9 Originaldréck sti sech hei dem Edward Steichen seng Fotoe mat Wierker vu Lëtzebuerger Moler wéi dem Jean Schaack, Lily Unden, Harry Rabinger an Dominique Lang géigeniwwer. De Steichen huet sech deemools vill mat der moderner a klassescher Molerei auserneegesat.

Zu där Zäit war d’Fotografie nach keng unerkannte Konschtform, an esou hu sech da vill Fotografen dem Pictorialismus ugeschloss. Eng Beweegung, wou si probéiert hunn, d‘Effekter vun der Molerei an hire Fotoen ze imitéieren.

D’Expo heescht „Time Space Continuum“, wat och den Titel vu senger wuel innovatiivsten Foto ass, duerch seng Kompositioun a säin Motiv. De Steichen war deemools de beschtbezuelteste Fotograf vun der Welt wéinst sengen modernen Approchen.

1902 huet hien eng Bewegung an d’Liewe geruff, déi d‘Fotografie als vollwäerteg Konschtform traitéiert huet. Als Curateur huet de Steichen dann och grouss europäesch Kënschtler an Amerika promouvéiert an huet esou dozou bäigedroen, d’Foto an d’Konscht op ee Level ze bréngen. 

D’Ausstellung leeft nach bis d’nächst Joer Abrëll.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.