PhilharmonieErfrëschend Interpretatioun vu Johannespassion vum Bach

Déi gouf kierzlech an der Philharmonie opgefouert.

De Balthasar Neumann Chœur an d’Museker vum Balthasar Neumann Ensemble mat hirem Chef  Thomas Hengelbrock sinn international eng Garantie fir erfrëschend Interpretatioune vu bekannte Wierker.

De J.S Bach hätt sech d’Fangere geleckt, wann hien sou en Ensembel a sou e Chouer hätt kënnen asetzen viru bal 300 Joer. Seng dramatesch a genial Musek huet leider deemools missen ënnert schwierege  Verhältnisser gespillt ginn. Mee d’Dramatik vu sengem Wierk ass duerch Partituren erhale bliwwen

D’Leidensgeschicht , d’Kräizigung an d’Operstehung vu Jesus Christus huet dramatesch Momenter an de Bach huet déi sou bewegend eriwwer bruecht, dass se och Géigewier ervirgeruff huet. Well d’Passioun ass an der Kierch opgefouert ginn. An an der Kierch wollte se keng Oper héieren.

Leider léisst sech di genial Musek vum Bach an di wierklech interessant Opféierung net sou kuerz a knapp resuméieren. Do muss der iech scho selwer um Internet schlau maachen.

Et ass derwäert.