Video-ReportageWéi steet et ëm d'Expressiounsfräiheet?

Dat ass Thema vum Film "Free Speech" vum Tarquin Ramsay, deen en Dënschdeg fir d'Presentatioun zu Lëtzebuerg wor, zesumme mam John Kiriakou, Ex-Cia-Agent.

Wéi steet et ëm d'Expressiounsfräiheet? (10.05.2017)
Dat ass Thema vum Film "Free Speech" vum Tarquin Ramsay, deen en Dënschdeg fir d'Presentatioun zu Lëtzebuerg wor, zesumme mam John Kiriakou, Ex-Cia-Agent.
Et ass d'Fräiheet sech auszedrécken, déi eis fräi hält, heescht et am Film, mä wat genee bedeit déi Fräiheet a wéi wäit ka se goen - Déi Froe stellt de britesche Realisateur Tarquin Ramsay ënnert anerem dem John Kiriakou. Dat ass en Ex-CIA-Agent, deen ëffentlech gemaach hat, datt d'USA no 9/11 Prisonnéier während Interrogatoiren gefoltert haten an dofir gouf hien 2 Joer an de Prisong gespaart.