VIDEO: "International Music Festival and School"50 Musek-Studenten an engem Stage zu Veianen

Et ass mëttlerweil e festen Rendez-Vous am Kulturprogramm vu Veianen: Den "International Music Festival and School".

9.Vianden International Music Festival and School (11.08.2017)
47 Museksstudenten aus den USA, China, Korea a Kanada si bis den 20. August zu Veianen zesummen fir Kammermusek ze üben an ze spillen.
Mëttlerweil ass et schonn déi 9. Editioun. Bal 50 Musek-Studenten tëscht 13 an 22 Joer kommen hei vum 10. bis den 20. August zesummen, fir mat renomméierte Museks-Proffen aus dem Ausland ze üben an zesummen Concerten ze spillen.

Den Trevor ass ee vun den 47 Musekschüler aus den USA, China, Korea a Canada, déi bis den 20. August zu Veianen an Hoteller wunnen a vu renomméierten Musekdozenten aus dem Ausland encadréiert ginn. D'Schüler finanzéieren de Stage selwer oder mat engem Stipendium. Den Niveau ass héich a bei de leschten 8 Editiounen si scho sou munch Talenter passéiert.

De Reportage vum Sascha Georges

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.