Réimervilla zu GiewelRadarmiessungen: Wat stécht do nach am Buedem?

Dëser Deeg hu se bei der Réimervilla zu Giewel de Buedem mat engem Radar inspizéiere gelooss.

Réimervilla zu Giewel / Reportage Nico Graf



Geet do e Mann iwwer dat geméite Feld an dréckt eppes wéi e Rollstull viru sech hier, nee, en dréckt e net, de Rollstull gëtt vun engem klengen Trakter gezunn an de Mann geet just derhannert a kuckt op e Computer-Ecran, deen um Rollstull steet. Den Altertumsfuerscher Jacques Bonifas explizéiert, datt op der Plaz eng Radarmiessung vun der Uni vu Louvain gemaach gëtt. Well d'Fläch esou grouss ass, gëtt de Radar vun engem Trakter gezunn an all 20 Meter gëtt mam Radar 2 Meter déif an de Buedem gekuckt. 

Do wou se elo ënnerwee sinn, do si blo Plastiksseeler gespaant, ganz exakt, Felder vun 3 Meter breet an 20 Meter Längt, déi an Tranche vun 20 Zentimeter breet exploréiert ginn. An et ass net wéi wann een direkt géif gewuer ginn, wat se do am Buedem gesinn hunn. De Kolleg Computer kritt vill Aarbecht. Eng zwou Wochen ass en amgaangen d'Biller zesummen ze setzen. De laange Wee, de breede Wee, dräidimensional a schichteweis. An engem Video gesäit een dann duerno wéi eng Schichte vun 1 Zentimeter bis 2 Meter am Buedem kommen.  

Dës Buedemanalyse gëtt och dowéinst gemaach, well se bei den Ausgruewungen déi lescht Wochen eng laang Mauer fonnt hunn, déi no Süde geet, an déi huet e rietse Wénkel, dee no Weste geet. Et hëlt een un, datt d'Réimervilla nach e Krack méi grouss a wichteg war wéi geduecht. De Radar wäisst elo schonn e puer Reflexiounen op verschiddene Plazen am Buedem, mä et ass awer nach kee Bild do. Um Radar gesäit een héich an déif Spëtzten, ob eppes am Buedem ass oder net. A wann déi Spëtzten sech um Enn an enger Rei zesummesetzen, da kann do eng Mauer sinn.  

D'Archeologe sinn hei am Land jo finanziell chronesch hanne bäi a vir widder. Wien also soll de Radar zu Giewel bezuelen? D'Käschte gi vum europäesche Leader-Projet iwwerholl an do ware lo mol 4'000 Euro virgsinn.

D'Summer-Surprise zu Giewel war eben déi laang Mauer an e Bassin, dee vläicht e Stéck vun enger Brauerei war.

Guy Arendt a visité le site archéologique de la villa romaine à Goeblange ainsi que le «Ausgriewermusée» à Nospelt (24.08.2017)

Communiqué par: ministère de la Culture

 

À la suite des nouvelles découvertes sur le site archéologique de la villa romaine à Goeblange, le secrétaire d’État à la Culture, Guy Arendt, s’est rendu sur place en date du 24 août 2017 en présence des bénévoles de l’association «Georges Kayser Altertumsfuerscher». À côté de la découverte du mur extérieur quasi entier d’un bâtiment romain, les bénévoles luxembourgeois, épaulés les dernières semaines par une trentaine de bénévoles venant des Pays-Bas, ont pu faire d’autres découvertes prouvant l’envergure exceptionnelle du site d’une surface totale de plus de 5 ha.

Le secrétaire d’État à la Culture, Guy Arendt, a ensuite visité le musée «Ausgriewermusée» situé dans l’ancienne maison de curé de Georges Kayser, situé à Nospelt, ou les nombreux objets trouvés à Goeblange, sont nettoyés, traités et catalogués avant d’être exposés à côté de nombreuses photos et documentations relatives au site archéologique, et rendues ainsi accessibles au grand public.

Guy Arendt a félicité tous les membres des «Georges Kayser Altertumsfuerscher» pour leurs découvertes tout en soulignant l'importance de leur travail: «Votre engagement bénévole est exemplaire, non seulement en ce qui concerne les fouilles réalisées mais également au niveau de la sensibilisation et la transmission du savoir-faire et de l’intérêt aux jeunes générations». Au vu de l’envergure du site à Goeblange/Miecher, Guy Arendt s'est dit persuadé que d'autres découvertes intéressantes se feront dans les années à venir.

Le musée peut être visité sur simple demande auprès de l’association. Plus d’informations sur www.gka.lu



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.