VIDEO: Pompjeesmusée zu SennengD'Evolutioun vu fréier bis haut

Den 28.Juni dëst Joer huet zu Senneng e Pompjeesmusée seng Dieren opgemaach.

Reportage: vun der Privatsammlung bei de Musée (13.09.2017)
Den 28.Juni dëst Joer huet zu Senneng en Pompjee’s Musée seng Dieren opgemaach.

Wat een ze gesinn kritt, ass déi ganz Evolutioun vun fréier bis haut, wat d’Material an déi eenzel Schaff-Methoden ugeet. Raritéiten, déi mat vill Léift zum Detail gesammelt goufen!

Zu Senneng nieft der Kierch an enger aler Laiterie kritt een déi ganz Evolutioun vun de Pompjeeën, vu fréier bis haut, wat d'Material an déi eenzel Schaffmethoden ugeet, ze gesinn. Donieft ganz vill Raritéiten, déi mat vill Léif zum Detail gesammelt goufen. Vill vun deene Géigestänn kennen déi aktuell Generatiounen net méi, well si schonn esou laang net méi am Asaz waren.

Ausstellungsstecker huet de Gilbert Sauber genuch, och wann hie sech ëmmer nees iwwer Neier freet. Fir datt et engem am Musée awer net langweileg gëtt, changéiert deen ëmmer nees e bësse säi Gesiicht. D'Iddi, mat senger Sammlung eng Ausstellung op d'Been ze stellen, koum spontan an et war och, wou hien ugefaangen huet mat sammelen, ni esou geplangt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.